Op den Inhalt sprangen

Adolphe vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Adolf vun Nassau)
Adolphe vu Lëtzebuerg
Titelen
Groussherzog vu Lëtzebuerg
Zäit 1890 bis 1905
Virgänger Wëllem III.
Nofollger Wëllem IV.
Biographie
Gebuer 24. Juli 1817
Schlass Biebrich
Gestuerwen 17. November 1905
Bestuet mat Adélaïde-Marie vun Anhalt-Dessau
Papp Wëllem vun Nassau-Weilburg
Mamm Louise vu Sachsen-Altenburg
Kanner Wëllem IV. vu Lëtzebuerg
De Monogramm
Statu zu Königstein

Den Adolph Wilhelm Carl August Friedrich aus dem Haus Nassau, gebuer de 24. Juli 1817 um Schlass Biebrich bei Wiesbaden, a gestuerwen de 17. November 1905 um Schlass Hohenburg a Bayern, war vun 1839 un Herzog vun Nassau a vun 1890 un, als Adolphe, Groussherzog vu Lëtzebuerg.

Säi Liewen

De 4. Mäerz 1848 huet hien dem nassauesche Vollek déi néng "Fuerderunge vun den Nassauer" accordéiert, dorënner d'allgemengt Walrecht. Mä e puer Joer méi spéit huet hien dës liberal Vueë revidéiert an e streng konservativen a reaktionäre Kurs gefuer. Hie gouf awer gréisstendeels an Nassau als leitséilegen a populären Herrscher ugesinn. 1866, am Preisesch-Éisträichesche Krich, war hien op der Säit vun Éisträich a gouf dofir vu Preisen ofgesat.

Den 23. November 1890 ass de Wëllem III., Kinnek vun den Nidderlanden a Groussherzog vu Lëtzebuerg, ouni männlechen Nofollger gestuerwen. An Holland ass seng eenzeg Duechter Wilhelmina him op den Troun gefollegt, mä zu Lëtzebuerg war dat, wéinst dem Saleschen Ierfrecht, net méiglech. Nom Familljepakt, deen am 18. Joerhonnert tëscht de verschiddenen Nassauer-Linnen ënnerschriwwe gi war, konnt den Ex-Herzog Adolphe, vun der Walram-Linn, Groussherzog vu Lëtzebuerg ginn. Hie war, iwweregens, wärend dem Wëllem III. senger Krankheet, eng kuerz Zäit mat der Regentschaft iwwer Lëtzebuerg vertraut ginn. Mä, well e schonn 73 Joer al war a knapps Bescheed wousst, wéi Lëtzebuerg politesch geféiert sollt ginn, huet hie sech als neien Herrscher aus der Dagespolitik erausgehalen. De Staatsminister Paul Eyschen, deen zanter 1888 um Rudder war, huet deemno d'Staatsgeschäfter geféiert, a sou ass eigentlech eng Traditioun geschaf ginn, no där de jeeweilegen Herrscher sech zu Lëtzebuerg aus der deeglecher Politik eraushält. 1902 huet den Adolphe säi Fils Wëllem als Lieutenant-Représentant agesat.

1905 ass en a senger "Summerresidenz" Schlass Hohenburg verscheet a gouf och do an der Krypta begruewen. Wéi nun awer 1953 seng Ierwen dëst Schlass un den däitschen Entreprener Max Grundig verkaaft hunn, goufe seng stierflech Iwwerreschter, zesumme mat deene vu senge Jonge Friedrich a Franz ëmgebett an den 20. Oktober 1953 mat groussem Pomp a Presenz vu Membere vun der Lëtzebuerger Groussherzoglecher Famill an der Krypta vun der Weilburger Schlasskierch begruewen. D'Lëtzebuerger Regierung war duerch de Minister Pierre Frieden an den Ambassadeur zu Bonn, Pierre Majerus vertrueden. Déi Krypta gëtt dofir als en Territoire vu Lëtzebuerg betruecht, obwuel Weilburg an der Bundesrepublik Däitschland läit.

Nokommen

Den Adolphe huet d'Elisabeth (1826-1845), Duechter vum Michael vu Romanow (1798-1849), bestuet. Si haten eng Duechter, déi bei der Gebuert gestuerwen ass (27. Januar 1845).

Aus engem zweete Bestietnes mat der Adelheid Marie vun Anhalt-Dessau (1833-1916), Duechter vum Friedrich August, Prënz vun Anhalt-Dessau (1799-1864), goungen ervir:

  • Wilhelm, als Wëllem IV. Groussherzog vu Lëtzebuerg (* 22. Abrëll 1852; † 25. Februar 1912)
  • Friedrich (* 28. September 1854; † 23. Oktober 1855)
  • Marie (* 14. November 1857; † 28. Dezember 1857)
  • Franz (* 30. Januar 1859; † 2. Abrëll 1875)
  • Hilda vun Nassau (* 5. November 1864; † 8. Februar 1952) - bestuet mam Friedrich II., Groussherzog vu Baden

Éierung

Fir un den Adolphe z'erënneren, goufen eng Partie Strukturen zu Lëtzebuerg no him genannt:

Literatur

  • Even, Pierre, 1992. Adolph, Herzog zu Nassau, Großherzog von Luxemburg 1817-1905. (Verlag?) Wiesbaden.
  • Even, Pierre, 2000. Dynastie Luxemburg-Nassau. (Verlag?) Luxemburg. [S. 199-243]

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Adolphe vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger:
Wëllem III.
Groussherzog vu Lëtzebuerg
1890 - 1905
Nofollger:
Wëllem IV.