Jean Piret
Jean Piret | |
---|---|
Gestuerwen |
1680 Sainte-Ode |
Aktivitéit | Schmelzhär |
Famill | |
Bestuet mat | Jeanne Louise Galle |
De Jean Piret, och bekannt als Här vu Sainte-Ode an Amberloup, gebuer …, a gestuerwe 1680 zu Sainte-Ode (Provënz Lëtzebuerg), war e wallounesche Schmelzhär[1]. Hie war de Bauhär vun der Colmer Schmelz an där d'Rasenäerz aus de Flossdäller ronderëm verschafft gouf[2].
Schmelzhär
[änneren | Quelltext änneren]Den 28. Juli 1645[3] huet de Jean Piret dem Gaspard von Heisgen d'Brückebergergut zu Colmer (do wou dat haitegt Goodyear-Wierk läit[4]) ofkaaft[5] an en Héichuewen an eng Affinerie[6] op dem Site bei der Atert opgeriicht. Et war iwweregens den éischten Héichuewen deen zu Lëtzebuerg gebaut gouf.[7]
Um Bréckebierg stoung an der Zäit och e klengt Schlass, mä wéi de Piret d'Immobilie bis kaaft hat, war et just nach eng Ruin. Hien huet doropshin an der Géigend en neit Schlass gebaut, an deem vun do un, Generatioune vu Schmelzhären ënnerbruecht waren.[5] D'„Bréckebierger Schlass“ ass 1960 ofgerappt ginn[8].
D’Rasenäerzer aus dem Raum Colmer, Miesdref, Miersch a Recken sinn hei zu Eise geschmolt ginn, woubäi mat Holzkuelen aus de Bëscher aus der Ëmgéigend gehëtzt gouf, iwwerdeems d'Waasser aus der Atert fir d'Undreiwe vun de Maschinne gebraucht gouf. D'Produktioun louch bei 350 - 400 Tonnen am Joer[9].
De Jean Piret huet 1656 och nach eng Schmelz zu Rolleng gegrënnt[10] an den 13. Dezember 1656 huet e vum Johann Marlin von Brockhoven e Schmelzuewen zu Huelmes fir 24 Joer gepacht. Mä d'Hallschent huet hien dem Schmelzbesëtzer Thomas Vidait vun Aansebuerg iwwerlooss[5].
An der Colmer Schmelz hunn haaptsächlech Männer geschafft déi aus der Landwirtschaft koumen, a sech an der Zäit an där um Feld net vill ze di war, eppes derbäi verdénge wollten. D'Kolonneniewen an d'Dëppe vun der Colmer Schmëdd ware landbekannt. Mam Néiergang vun der Rasenäerzgewannung a well d'Eiseproduktioun net méi konkurrenzfäeg mat den neie groussen Héichiewen aus dem Minett war, war et och eriwwer mat der Schmelz an 1877 sinn d'Héichiewen ausgaangen[2].
Well se baufälleg war, ass d'Schmelz 1920 vun der Gewerbeinspektioun zougemaach ginn.[2]
Privates
[änneren | Quelltext änneren]De Jean Piret war mat der Jeanne Louise Galle (Gall) vu Léck bestuet, déi 1662 gestuerwen ass. D'Koppel krut sechs Kanner: Marguerite-Marie, Lambert, Suzanne, Antoine, Thomas a Jeanne-Louise[1].
Éierung
[änneren | Quelltext änneren]Fir un de Jean Piret z'erënneren, huet de Stater Schäfferot den 19. September 1985 decidéiert, op der Cloche d'or zu Gaasperech eng Strooss no him ze nennen: d'Rue Jean Piret verbënnt d'Escher Strooss mat der Rue Robert Stumper[11].
Zu Colmer-Bierg ass och d'Industriezon no him genannt ginn: Zone Industrielle Piret.
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 (de)Die Schmittenherren Piret. Obermosel-Zeitung, 54. Jg., nº 148, Zweites Blatt, S. 1. (27.06.1934). Gekuckt de(n) 13.10.2024.
- ↑ 2,0 2,1 2,2 (de)Henri Beck, Bruno Baltzer, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?. onsstad.vdl.lu, 41/1992, S. 32. Gekuckt de(n) 13.10.2024.
- ↑ aner Quelle schwätze vu 1653 (cf: https://www.museemichellucius.lu/printable/themes/bergbau--huettenwesen/index.html) oder 1655 (cf: https://colmar-berg.lu/de-gemengebuet-2013-2/)
- ↑ (de)De Gemengebuet 2019 2 – Vor 100 Jahren: Die Eisenhütte Colmar-Berg schliesst ihre Tore. colmar-berg.lu/. Gekuckt de(n) 13.10.2024.
- ↑ 5,0 5,1 5,2 (de)Die entdeckte Wasserkraft. Obermosel-Zeitung, 54. Jg., nº 136, Zweites Blatt, S. 1. (13.06.1934). Gekuckt de(n) 13.10.2024.
- ↑ (fr)Anciennes forges du Grand-Duché de Luxembourg.. Luxemburger Wort, 110. Jg., n° 128, S. 14. (08.05.1957). Gekuckt de(n) 14.10.2024.
- ↑ (de)SCHLOSS BERG Das Stammhaus unserer Herrscherfamilie. Revue, 11. Jg., nº 4, S. 4. (22.01.1955). Gekuckt de(n) 14.10.2024.
- ↑ (de)Dominik Lays in Binsrath und in Colmar.. Hémecht, 31. Jg., nº Heft 4, S. 484. (01.10.1979). Gekuckt de(n) 14.10.2024.
- ↑ (lb)De Gemengebuet 2013 2 – Journée du Patrimoine an de 6 Nordstadgemengen. colmar-berg.lu (2013). Gekuckt de(n) 13.10.2024.
- ↑ (fr)Usine de Berg - Kolmer Schmelz - Eisenhütte Colmar-Berg. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 13.10.2024.
- ↑ (fr)Archives Ville de Luxembourg. www.archives-vdl.findbuch.net. www.archives-vdl.findbuch.net. Gekuckt de(n) 14.10.2024.