Op den Inhalt sprangen

Jean Schwindt

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jean Schwindt
Gebuer 27. September 1863
Aktivitéit Historiker
Geschichte der Dynasten von Simmern und Ansemburg, 1930.

De Jean Schwindt, gebuer de 27. September 1863 zu Simmer[1], a gestuerwen ?.., war e lëtzebuergesch-belschen Historiker, dee Professer op der Kadetteschoul zu Namur war.

De 25. Oktober 1891 gouf hien am Alter vun 28 Joer mat der Marie Anne Hardt, déi 1862 zu Keel op d'Welt komm war, bestuet. De Jean Schwindt war deemools Professer zu Mechelen[2].

Duerch kinnekleche Beschloss vum 1. Juni 1892 krut de Jean Schwindt déi belsch Nationalitéit.[3]

E bësse méi spéit ass hien op Jambes bei Namur geplënnert,[2]. fir eng Plaz als Professer an der Kadetteschoul z'iwwerhuelen.

Weider Detailer iwwer dem Jean Schwindt säi Liewe sinn nëmme fragmentaresch opzedreiwen. Am September 1905 daucht den Numm vu senger Fra Marie Hardt (“Ehefrau des Herrn Johann Schwindt, Professor zu Jambes-Namür”) an enger Zeitungsannonce op, an där annoncéiert gëtt, datt déi Keeler Muelmillen, genannt “Hardtsmillen”, vun de Proprietäre versteet gëtt.[4]

Am Joer 1932 huet de Jean Schwindt, dunn Éiereprofesser vun der Kadetteschoul, am Hotel-Restaurant Simmerschmelz eng Konferenz iwwer d'Geschicht vum Äischdall gehalen.[5] 1939 gouf hien Offizéier vum belschen Ordre de la Couronne.[6]

D'Relatioune mat senger Heemecht huet de Schwindt net opgi gehat: hien hat eng Villa zu Simmer, wou e seng Summervakanze verbruecht huet.[7]

Am September 1946 hunn d'Jeanne (Alice?[2]) Schwindt, dem Jean Schwindt seng Duechter, an hire Mann, de Jean Michel[2], déi zu Namur gewunnt hunn, zwéi Bëscher zu Simmer, déi aus dem Nolooss vum verstuerwene Jean Schwindt koumen, versteeë gelooss.[8]

Publikatiounen

[änneren | Quelltext änneren]
  • Im Eischtal. Ritter Thomas von Siebenborn. (Simmern). Spaziergang und Reflexionen. Ons Hémecht 1914, S. 19-23.
  • Aus dem Eischtale. Ons Hémecht 1915, S. 127-134. (I. Die Schloßherren von Simmern, die Träger der Würde eines Erbmarschalls des Luxemburger Landes, S. 127-130. II. Das Eischtal ein Jammertal. S. 130-132. III. Die St. Rochusprozession und die Sebastianusbruderschaft zu Simmern, S. 132-134.
  • Geschichte der Dynasten von Simmern und Ansemburg. Luxemburg: G. Soupert, 1930, 153 S. (Extr. Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, LXIV, 1930, S. 48-201).

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Geneanet: Jean Schwindt.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Kauffmann, J., 1993. Mit der Bannmühle durch die Jahrhunderte. Kayl, Gemeinde Kayl-Tetingen, S. 65, 66.
  3. Luxemburger Wort 1892, Nr. 166 (14. Juni), S. 3 (Simmern, 8. Juni)
  4. Luxemburger Wort 1905, Nr. 244 (1. September), S. 4
  5. Ueber Geschichtliches und Wirtschaftliches des Eisch-Tales. Konferenz des Herrn Ehrenprofessors Schwindt, Simmern, im Hotel-Restaurant Simmerschmelz. Luxemburger Wort 1932, Nr. 337 (2. Dezember), S. 4. [1]
  6. Luxemburger Wort 1939, Nr. (16. August), S. 6 [2]; Nr. (6. November), S. 4. [3]
  7. Luxemburger Wort 1939, Nr. (6. November), S. 4
  8. Luxemburger Wort 1946, Nr. (30. August), S. 3