Op den Inhalt sprangen

Jean Tautges

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jean Tautges
Gebuer 26. Januar 1830
Biissen
Gestuerwen 2. Januar 1871
Miersch
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schoulmeeschter, Schrëftsteller, Gewerkschaftler

De Jean Tautges, gebuer den 26. Januar 1830 zu Biissen[1], a gestuerwen den 2. Januar 1871[2] zu Miersch[Source?], war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Gewerkschaftler a Schrëftsteller.

Hien huet seng Carrière als Schoulmeeschter zu Menster ugefaangen, an ass dunn op Miedernach gewiesselt. Vun 1859 un a bis zu sengem Doud war hien Oberlehrer zu Miersch[3].

De Jean Tautges huet sech fir d'Reform vum Schoulsystem agesat. Hie war Editeur vum Luxemburger Schulblatt[4] an huet ënnert anerem och fir de Luxemburger Schulbote Artikele geschriwwen.

Zu Bissen huet eng Strooss dem Jean Tautges säin Numm: Rue Jean Tautges (L-7790).[5]

Publikatiounen (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • Constructions ou rédactions d'après modèles, Der Luxemburger Schulbote 19, 241. 1862.
  • Anthologie von Erzählungen, Fabeln, Parabeln, Märchen, erzählenden Beschreibungen und Briefen. Lëtzebuerg, 1867.[3]
  • Lucius, Marc (M.L.), 2008. Eis Stroossennimm (8): Rue 'Jean Tautges' In: Klautjen, Gemengeblat Biissen, Nr. 9/2008-3, S. 2. [2]
  • Voss, Peter, 2012. The Establishment and Significance of the 'Luxemburger Schulbote', 1844–1942. In: History of Schooling: Politics and Local Practice, 205-32. [3]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Victor Kalmes. Bissen seit eh und je, Band 2. Luxemburg, Gemeindeverwaltung Bissen, saint-paul luxemburg, 2002. ISBN 2-87996-939-5. S. 265.
  2. Editioun vum 28. Dezember 1936 vum Escher Tageblatt, gescannt op der Websäit vun der Nationalbibliothéik. Gekuckt den 06.10.2024.
  3. 3,0 3,1 Editioun vum 19. Oktober 1938 vum Escher Tageblatt, gescannt op der Websäit vun der Nationalbibliothéik Archivéiert de(n) 09.10.2020. Gekuckt de(n) 13.02.2020.
  4. Voss, Peter, 2012. The Establishment and Significance of the 'Luxemburger Schulbote', 1844–1942. In: History of Schooling: Politics and Local Practice, 205-32. [1]
  5. „Eis Stroossennimm (9)“. In: Klautjen. Gemengeblat Biissen Nr. 9 (2008), S. 2.