Jeff Boonen
Ausgesinn
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Jeff Boonen | |
---|---|
Gebuer |
1. Juni 1985 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Universitéit vu Léiwen |
Aktivitéit | Bauer, Politiker |
De Jeff Boonen, gebuer den 1. Juni 1985 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergeschen Agraringenieur a Politiker (CSV).[2]
Liewen a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
De Jeff Boonen huet 2004-2009 op der Université catholique de Louvain e Master fir Agrar-Ingenieur gemaach.[3] Hie schafft am Familljebetrib, engem Haff mat enger 80 Mëllechkéi an enger Biogasanlag, deen et zanter ronn 200 Joer gëtt.[4] Vun 2011 bis 2015 war hie President vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren.[5]
Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 war hie Kandidat op der CSV-Lëscht am Walbezierk Norden. Hie gouf net direkt gewielt, ass awer den 21. November 2023 fir d'Martine Hansen nogeréckelt, déi e Ministeschmandat ugeholl hat.[6]
Hien ass bestuet an huet zwee Kanner.[5]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Jeff Boonen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)JeffBoonen. www.chd.lu. Gekuckt de(n) 28.11.2023.
- ↑ Fiche op chd.lu (nogekuckt 2023-11-24).
- ↑ Fiche op linkedin.com (nogekuckt 2023-11-24)
- ↑ Schwéierpunkt vum Dag: Jeff Bonen (CSV). 100komma7.lu, 21.11.2023.
- ↑ 5,0 5,1 Jeff Boonen, une entrée en politique «naturelle»." lessentiel.lu, 23.11.2023.
- ↑ (fr)La Chambre est désormais complète. Chambre des députés du grand-duché de Luxembourg. Gekuckt de(n) 21.11.2023.