Jesuittemonument zu Escaudœuvres
Land | Frankräich |
---|---|
Gemeng | Escaudœuvres |
Plaz | Escaudœuvres |
Adress | Rue des Prés |
Koordinaten |
50° 11’ 59.94’’ N 03° 15’ 40.68’’ O |
Datum vum Bau | 1945 |
D'Jesuittemonument zu Escaudœuvres och nach Chapelle des martyrs, Chapelle des fusillés oder Chapelle des Prés[1], ass eng Kapell um rietsen Uwänner vum Scheldekanal zu Escaudœuvres am Departement Nord an den Hauts-de-France.
D'Kapell steet op där Plaz wou den 19. Mee 1940 am Ufank vum Zweete Weltkrich 13 Missionnairesschüler am Alter vun 11 bis 21 Joer, 2 Pateren aus dem Jesuittekolléisch Saint-François-Xavier vu Verviers an e franséische Militärchauffeur hiert Liewe verluer hunn. Ënner den Affer waren och fënnef Lëtzebuerger Jonge vun 13 a 15 Joer.
Den 10. Mee 1940 sinn d'Patere mat hire Schüler vu Verviers iwwer Namur a Mons a Richtung Frankräich geflücht, fir den 19. Mee géint 4 Auer Moies an der Géigend vu Valenciennes unzekommen. Fir hinnen ze hëllefen, huet déi franséisch Arméi hinnen e Militärcamion mat 2 Chauffeuren zur Verfügung gestallt fir se op Amiens ze féieren. Well Cambrai war scho bombardéiert war, huet de Chauffeur decidéiert laanscht de Kanal Richtung Escaudœuvres ze fueren. Géint 9 Auer Moies koume si an de Beschoss vun den Nazien. 15 vun hinne stierwen, 14 goufe schwéier blesséiert a 6 iwwerliewen. Bis 16 Auer hunn déi Iwwerliewend am Camion net bougéiert, duerno si si an e Bauerenhaff an der Géigend geflücht. Géint 20 Auer sinn d'Nazien zeréck koum an hu festgestallt, datt am franséische Militärcamion keng Zaldoten, mä Jugendlecher waren. 2 Deeg méi spéit hunn d'Nazien déi Verletzten an d'Spidol op Cambrai gefouert an déi Verstuerwe begruewen.
Zesumme mat senger Fra huet den Här Charles Leriche (1926 - 2010) 1945 d'Initiative ergraff fir mat dëser Kapell de jonken Affer ze gedenken. Op der Plaz, wou si ënner Beschoss gerode sinn, gouf d'Kapell vum Abbé Roger Guiot der Notre-Dame-de-Bonsecours geweit an d'Helleg Thérèse gouf hir Patréinesch.[2]
3 Lëtzebuerger Jongen hunn iwwerlieft: de Camille Bouché vu Biekerech, de J-P Differding vun Nidderdonven an den Henri Brix vum Lampertsbierg. De Roger Rehlinger vu Miersch, dee schonn hanner Verviers bei Loncin "vermësst" gouf, ass eleng bis op Lembeye (Basses-Pyrénées) geflücht an huet iwwerlieft. Hien ass de 14. Abrëll 1973 gestuerwen.[3]
Lëscht vun den zivilen Affer[4][5]:
- Pater Joseph DEJEMEPPE, Direkter vun der apostolescher Jesuitteschoul vu Verviers
- Brudder Auguste LEDANT, 53 Joer
- Aloys BRESER[6] vun Nidderdonven, 15 Joer
- Mathias KAISER[7] vu Beetebuerg, 15 Joer
- Roger SCHMIT vu Klengbetten, 13 Joer
- Joseph THEIN[8] vu Biekerech, 15 Joer
- Théo WINKIN[9] vu Wolz, 15 Joer
- Raymond DESCOTTE, 16 Joer
- Paul D'HONDT, 16 Joer
- Alfred GABRIEL, 12 Joer
- Michel LIAO, 21 Joer
- Jean PIRART, 16 Joer
- André PIRART, 11 Joer
- Jean-Marie SIMON, 14 Joer
- Valère VERSCHAFFEL, 16 Joer
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Chapelle des martyrs du 19 mai 1940 mat dem Ofdrock vum Artikel "Die Toten von Escaudoeuvres", Revue n. 52, 25. 12. 1971
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ sou genannt well s'an der Rue des Prés steet
- ↑ (fr)La chapelle des fusillés. Paroisses de Cambrai (3.5.2012). Gekuckt de(n) 20.3.2023.
- ↑ Avis de décès Roger Rehlinger. Luxemburger Wort (16.4.1973). Gekuckt de(n) 22.3.2023.
- ↑ (fr)Liste des fusillés. Paroisses de Cambrai (15.7.2015). Gekuckt de(n) 20.3.2023.
- ↑ Grafsteen um Kierfecht vun Escaudœuvres
- ↑ Breser Aloyse. FÉDÉRATION DES ENRÔLÉS DE FORCE. Gekuckt de(n) 11.3.2023.
- ↑ Kaiser Mathias. FÉDÉRATION DES ENRÔLÉS DE FORCE. Gekuckt de(n) 11.3.2023.
- ↑ Thein Josy. FÉDÉRATION DES ENRÔLÉS DE FORCE. Gekuckt de(n) 11.3.2023.
- ↑ Winkin Théo. FÉDÉRATION DES ENRÔLÉS DE FORCE. Gekuckt de(n) 11.3.2023.