Johann Kies

Vu Wikipedia
Johann Kies
Gebuer 14. September 1713
Tübingen
Gestuerwen 29. Juli 1781
Tübingen
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Eberhard Karls Universitéit Tübingen
Aktivitéit Mathematiker, Astronom, Universitéitsprofesser
Member vun Preisesch Wëssenschaftsakademie

De Johann Kies, gebuer de 14. September 1713 zu Tübingen an och do den 29. Juli 1781 gestuerwen, war en däitschen Astronom a Mathematiker.

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

De Kies gouf am Evangeelesche Stëft zu Tübingen erzunn an hat zanter 1730 Mathematik an Theologie studéiert. Nodeem hien a verschiddene schwäbesche Paren als Vikar geschafft hat, war hie an den Déngscht vum Fürst Czartoryski zu Warschau agetrueden.

Op Empfeelung vum Leonhard Euler krut de Kies den 22. November 1742 an der Kinniklech-Preisescher Sozietéit vun de Wëssenschaften eng Plaz. Do war hien als Professer fir Mathematik a Physik souwéi 1743 als Astronom vun der Akademie respektiv dem Berliner Observatoire beruff ginn. Den 13. Februar 1744 gouf hien uerdentleche Member vun der Akademie. Wärend hien zu Berlin d'Amt vum Observateur hat, koum de Jérôme Lalande och derbäi, deen den Observatoire vu 1752 u geleet huet; 1750 hat hien zesumme mam Nicolas-Louis de Lacaille, deen um Kap der Guten Hoffnung war, duerch synchron Observatioune vum Planéit Mars e méi geneeë Wäert fir d'Sonneparallax bestëmmt.

Den 20. September 1754 gouf de Kies vum uerdentlechen zum auswäertegen Akademiemember ernannt a goung op Tübingen zeréck. Do huet hien d'Amt vun engem Professer fir Mathematik um Collegium illustre souwéi dat vun engem Bibliothecaire an der Universitéitsbibliothek iwwerholl; 1760, 1766/67 an 1775 war hie Rekter vun der Universitéit.[1] Een nach am 18. Joerhonnert gemoolte Portrait hänkt an der Tübinger Professerengalerie.[1]

Dem Johann Kies zu Éiere krut de Moundkrater Kies säin Numm.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Eintrag Johannes Kies. TOBIAS-bild, Bildserver der Universitätsbibliothek Tübingen.