Jonathan Reichling

Vu Wikipedia
Jonathan Reichling
Pseudonym eXemo, Exemo
Gebuer 12. Februar 1989
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Rapper

Den Jonathan Reichling, gebuer den 12. Februar 1989 an der Stad Lëtzebuerg ass e lëtzebuergesche Sänger, Rapper a Museksproduzent.[1],[2] Hie war am Ufank vu senger Carrière als Exemo (heiansdo stiliséiert als eXemo) bekannt.

De Reichling rapt a séngt op Däitsch, Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Als Exemo[änneren | Quelltext änneren]

Den Exemo huet 7 Gesëschter an en Hallefbrudder. Mat 18 Joer ass hien op Köln geplënnert fir Touningenieur ze ginn. Am Mee 2010 huet hien op der Compilatioun Planet Luxembourg Reloaded vun RTL Radio Lëtzebuerg an Eldoradio d'Lidd De Jangeli nei interpretéiert, an no der 2. Plaz vum Andy Schleck beim Tour de France d'Lidd Eng kleng Natioun um Velostroun op seng Websäit gesat, dat an Zäit vu 14 Deeg iwwer 1.000 Mol erofgeluede gouf. Beim Gala Tour de France Enn Juli huet hien et viru ronn 50.000 Zuschauer virgedroen.

Am August 2010 ass den Exemo um e-Lake festival zu Iechternach opgetrueden, éier am August Planet Luxembourg Reloaded endlech verëffentlecht gouf. Am Februar 2011 koum säin éischten Album Das Blut in meinen Adern eraus.

Am August an am November 2011 war hie Gaaschtrapper op de Singelen All Mensch geet op d'Schueberfouer vun Superjams a Sorry Babe vun der Wanns de eppes kanns!-Gewënnerin Deborah Schneider.

De 17. August 2014 huet de Reichling op senger Facebooksäit ugekënnegt, datt et Zäit wier "mam Kapitel Exemo ofzeschléissen" an datt hien ënner sengem biergerlechen Numm géif weider maachen.[3]

Als Jonatas Reichling[änneren | Quelltext änneren]

Zënterhir huet hien 2014 den däitschsproochegen Album Jetzt oder nie op engem däitsche Plackelabel verëffentlecht. Op der éischter Single Quand tu dance ass de Refrain op Franséisch gesongen. Aner Singele waren Baby wenn du gehst a Stell dir mal 'ne Welt vor.

2016 an 2017 war de Jonathan Reichling ee vun zwee Memberen am kuerzliewege Projet Kontrast.

2018 war hien op der engleschssproocheger Single Like a Summer Breeze vum däitsche Produzentenduo Dream Sound Masters ze héieren.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Als Exemo[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2011: Das Blut in meinen Adern

EPen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2011: An iwwerhaapt wisou

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2010: Öffne die Augen
  • 2010: Eng kleng Natioun um Velostroun
  • 2011: Das Blut in meinen Adern
  • 2011: An iwwerhaapt wisou
  • 2011: All Mensch geet op d'Schueberfouer (Superjams feat. Exemo)
  • 2011: Das ist der Wahnsinn
  • 2011: Stell dir mol eng Welt vir
  • 2011: Sorry Babe (Deborah Schneider feat. Exemo)
  • 2012: Haaptsaach nofir an dowidder
  • 2012: Lebe lieber
  • 2013: Gëff net op (Chakas feat. Exemo)
  • 2013: Jumpin (Bang Bang)
  • 2013: Hope Springs Eternal (Chakas feat. Andy Rossi, Mr. Funky, eXemo, Thierry Mersch a Pakamos)
  • 2015: Summer (Kelly Decker feat. Exemo)

Videographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 2009: Öffne die Augen
  • 2009: Zeit für die Wende
  • 2009: Gedankenstau (mam Jueightytwo)
  • 2010: Stell dir mal 'ne Welt
  • 2010: Eng kleng Natioun um Velostroun
  • 2011: De Jangli
  • 2011: Das Blut in meinen Adern
  • 2011: All Mensch geet op d'Schueberfouer
  • 2012: Nofir an dowidder

Als Jonathan Reichling[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2014: Jetzt oder nie

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2014: Quand tu dances
  • 2015: Baby wenn du gehst
  • 2015: Stell dir mal 'ne Welt vor

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëtzebuerger Wort: "Exemo: R'n'B, Soul und Funk aus Luxemburg" (18. Februar 2011; gekuckt den 20. Juni 2012)
  2. Lëtzebuerger Wort: "Exemo rappt für Andy und Fränk Schleck" (23. August 2010; gekuckt den 20. Juni 2012)
  3. Facebookpost vum 17. August 2014