José Manuel Durão Barroso

Vu Wikipedia
José Manuel Durão Barroso
Gebuer 23. Mäerz 1956
Lissabon
Nationalitéit Portugal
Educatioun Georgetown University,
Universitéit vu Genf
Aktivitéit Politiker, Ekonomist
Partei Partido Social Democrata

De José Manuel Durão Barroso gebuer den 23. Mäerz 1956 zu Lissabon, ass e portugisesche Politiker. Hie war vun 2004 bis 2014 President vun der Europäescher Kommissioun.

De Barroso huet Droit a Politologie zu Lissabon, Florenz an New York City studéiert a säi Studium op der Uni zu Genf an Ekonomie a Soziologie ofgeschloss.

Hie gouf Assistenzprofesser op der Uni Lissabon, wou e sech an Internationaler Politik spezialiséiert huet. Säi Studium huet en op d'Uni Genf an op d'Georgetown University vu Washington DC gefouert. E koum op Lissabon zeréck a gouf 1980 Direkter vum Departement fir international Relatiounen op der Lusíada-Universitéit zu Porto.

Seng politesch Karriär huet schonn a senger Studienzäit ugefaangen, nach virun der Oeilletsrevolutioun vum 25. Abrëll 1974. Hie war ee vun de Parteileadere vun der Partido comunista dos trabalhadores portugeses - Movimento Revolucionário do Proletariado Português, enger éischter philosophesch orientéierter maoistescher Lénkspartei. Geschwënn awer huet hien déi hanner sech gelooss an ass am Dezember 1980 der Partido Social Democrata bäigetrueden, enger Partei, déi trotz hirem Numm éischter zum biergerleche Lager zielt (am Europäesche Parlament gehéiert se zu der Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei), an där e bis haut trei bliwwen ass.

A senger politescher Karriär hat hie follgend Funktiounen:

  • vun 1985 bis 1987 Ënnerstaatssekretär am Inneministère;
  • vun 1987 bis 1992 Staatssekretär fir Aussebezéiungen an international Zesummenaarbecht;
  • vun 1992 bis 1995 Portugiseschen Ausseminister.

An där Funktioun huet hien 1990 d'Friddensofkommes am angolanesche Biergerkrich mat ausgeschafft an sech fir d'Onofhängegkeet vun Osttimor agesat.

1995 huet d'PSD d'Wale verluer, an de Barroso hat kee Succès mat sengem Versuch, Parteichef ze ginn. Dëst ass him eréischt 1999, no laangem parteiinterne Gestreits, gelongen, wat vill him net zougetraut hätten.

2002 huet seng Partei nees d'Wale (knapps) gewonnen, an de Barroso ass de 6. Abrëll Ministerpresident vu Portugal ginn.

Seng Politik war a Portugal dacks controverséiert, z. B. seng Ënnerstëtzung vun der Invasioun vum Irak am Fréijoer 2003, d'Privatiséierung vu Staatsenterprisen, a staark Aschnëtter bei den ëffentlechen Depensen. De Barroso huet déi Moossnam justifiéiert mat der schlechter ekonomescher Situatioun, dem Budgetsdefizit, deen d'SP-Virgängerregierung hannerlooss hat, an och de Contrainten, fir den Euro-Stabilitéitstspakt anzehalen. Bei de Wale fir d'Europaparlament am Juni 2004 huet seng Partei dann och manner gutt ofgeschnidden.

Den 29. Juni 2004 ass de Barroso als Premierminister zeréckgetrueden, nodeem d'Staats- a Regierungscheffe vun der Europäescher Unioun hien als Nofollger vum Romano Prodi fir d'Amt vum President vun der Europäescher Kommissioun designéiert hunn. Den 22. Juli gouf en dora vum Europäesche Parlament confirméiert. No dräi Ëmbesetzunge vun designéierte Kommissiounsmemberen, wéinst deenen et net sécher war, ob d'Parlament dem Barroso seng Ekipp géif approuvéieren, huet dës schliisslech den 18. November 2004 vum Parlament d'Vertraue votéiert kritt. Se huet den 22. November hiert Amt offiziell ugetrueden.

De 17. Juni 2009 huet den Europäesche Conseil hien eestëmmeg fir en zweet Mandat vu 5 Joer designéiert. De 16. September 2009 huet och d'Europäescht Parlament majoritär fir hie gestëmmt (et gouf kee Géigekandidat).

De José Manuel Barroso ass bestuet an huet dräi Kanner.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Virgänger:
Romano Prodi
President vun der Europäescher Kommissioun
2004 - 2014
Nofollger:
Jean-Claude Juncker


Commons: José Manuel Barroso – Biller, Videoen oder Audiodateien