Op den Inhalt sprangen

Joséphine Welu-Scherer

Vu Wikipedia
Joséphine Welu-Scherer
Gebuertsnumm Joséphine Scherer
Gebuer 6. Dezember 1915
Bieles
Gestuerwen 22. August 1997
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Resistenzler, Bäcker

D'Joséphine Scherer bestuet Welu-Scherer, gebuer de 6. Dezember 1915 zu Bieles, a gestuerwen den 22. August 1997 zu Esch-Uelzecht[1], war eng lëtzebuergesch Geschäftsfra a Resistenzlerin.[2]

D'Joséphine Scherer ass zu Bieles opgewuess. 1938 huet si sech mam Bäcker Nicolas Welu bestuet.

An der Zäit vun der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich war si an hire Mann Member vun de Resistenzorganisatiounen LVL an LPL, déi geflüchte franséische Krichsgefaangenen, englesche Piloten, déi ofgeschoss goufen oder Lëtzebuerger Refractairen, gehollef hunn, iwwer d'Grenz a Frankräich ze kommen.

Nom Krich hunn déi zwee weider an hirer Bäckerei geschafft. D'Joséphine Welu-Scherer huet sech an der LSAP op kommunalem Niveau engagéiert.

Si haten zwee Kanner.

D'Gemeng Suessem huet zu Bieles eng Strooss no hir genannt.[3]

  • 1985: Medail vum Ordre de la Résistance

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. D'Joséphine Scherer op luxracinces.lu
  2. Quell, wou net anescht uginn: Rue Joséphine Welu-Scherer op rues-au-feminin.lu (nogekuckt: 03.09.2024).
  3. Adresses du Grand-duché de Luxembourg op geoportail.lu.