Joseph Brincour
Ausgesinn
Joseph Brincour | |
---|---|
Gebuertsnumm | Johann Joseph Brincourt |
Gebuer |
23. Februar 1849 Iechternach |
Gestuerwen |
29. Dezember 1917 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Affekot |
Famill | |
Kanner | Berthe Brincour |
De Joseph Brincour, gebuer den 23. Februar 1849 zu Iechternach[1] a gestuerwen den 29. Dezember 1917 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.[2][3]
Bei de Walen fir de Kanton Iechternach gouf de Joseph Brincour den 30. Juli 1878 beim Ballotage als Deputéierten an d'Chamber gewielt.[4] Hien ass Deputéierte bliwwen bis de Juni 1914 wéi hie bei de Wale fir de Kanton Iechternach net méi zeréckgewielt gouf.[5]
Hie war vun 3. Mäerz 1915 bis zu sengem Doud den 29. Dezember 1917 Member vum Staatsrot zu Lëtzebuerg.[6]
HIe war de Papp vun der lëtzebuergesche Molerin Berthe Brincour.[7]
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Officier vum Ordre Royal autrichien François-Joseph (Promotioun 1911)[2]
- Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1912)[8]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (de)Joseph Brincour. Escher Tageblatt. eluxemburgensia.lu. Gekuckt de(n) 13.08.2023.
- ↑ 2,0 2,1 (fr)Doudesannonce vum Joseph Brincour. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (29. Dezember 1917). Gekuckt de(n) 13.08.2023.
- ↑ (fr)Jules Mersch, Jean Joseph Brincour. Biographie nationale du pays de Luxembourg : Fascicule 18 - page 559. eluxemburgensia.lu. Gekuckt de(n) 13.08.2023.
- ↑ (de)Inland. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (31. Juli 1878). Gekuckt de(n) 13.08.2023.
- ↑ (de)Resultat der Kammerwahlen. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (10. Juni 1914). Gekuckt de(n) 13.08.2023.
- ↑ (fr)Membres depuis 1857. conseil-etat.public.lu (24.05.2023). Gekuckt de(n) 13.08.2023.
- ↑ (fr)Jules Mersch, Les descendants de Joseph Brincour. Biographie nationale du pays de Luxembourg : Fascicule 18 - page 581. eluxemburgensia.lu. Gekuckt de(n) 13.08.2023.
- ↑ (fr)Memorial n° 41 vun 1912. Memorial. eljuxemburgensia.lu (17. Juni 1912). Gekuckt de(n) 13.08.2023.