Joseph Lebrun

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Standauer vum Lebrun, ëm 1850.

De Joseph Pascal Lebrun[1], gebuer den 29. Mee 1807 zu Rochefort a gestuerwen den 28. Mäerz 1883 an der Stad[2], war e belschen (?) Auermécher.

Hie gouf de 7. September 1837[3] mat der Marie Jeanne Joséphine Hedin bestuet a si hunn zesummen a Clausen gewunnt.

Als Auermécher huet de Lebrun ëm 1850 eng astronomesch Pendelauer an engem Gehais aus Nëssert-Holz gebaut. Dës Standauer am klassizistesche Stil weist net nëmmen d'Auerzäit ma och d'Zäitgläichung, d'Moundphasen, d'Déierekreeszeechen an de Sonnestand un. D'Auer déi véier verschidde Melodië spille kann, ass am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht ausgestallt.

Et gëtt ugeholl, datt d'Auer fir an d'Haus vun der Famill Hedin fabrizéiert gouf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Joseph Lebrun – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Numm wéi en um Doudeschäi steet; um Hochzäitsakt stinn d'Virnimm iwwerdeems verdréint: Pascal Joseph Lebrun
  2. Doudeschäin 133/1883 vun der Stad Lëtzebuerg
  3. Hochzäitsakt 82/1837 vun der Stad Lëtzebuerg

Quell wann net anescht uginn: Renc'art 1-3/2017, Prospekt vum Nationalmusée fir Geschicht a Konscht, 2016