Moundphas

Vu Wikipedia
Animatioun vun de Moundphasen. Donieft sinn och Äerdno a -wäit als Gréissteschwankung a Libratioun als „Torkelen“ ze beuechten.

Als Moundphase[1] bezeechent een déi ënnerschiddlech Liichtgestalt vum Äerdmound duerch déi perspektivesch Ännerung vu senger Dag-Nuecht-Grenz relativ zu der Äerd wärend sengem Äerdëmlaf.

  • Et ënnerscheet ee Vollmound, ofhuelende Mound, Neimound an zouhuelende Mound.
  • Neimound, Vollmound an déi béid Hallefmounde bezeechent een als Haaptphasen.
  • Am visuelle Widdersproch zu der allgemenger Bezeechnung Hallefmound – dat ass d'Hallefphas (Dichotomie) – bezéie sech d'Astronomen op de volle Zyklus vum Mound an nennen déi zouhuelend Hallefphas éischt Véirel, déi ofhuelend entspriechend lescht Véirel.
  • Déi ganz schmuel Moundséchele bezeechne si als Neiliicht an Alliicht.

Iwwerbléck[änneren | Quelltext änneren]

Een Ëmlaf vum Äerdmound ronderëm d'Äerd, bei deem de Mound nees déi gläich Stellung zu der Sonn anhëllt, dauert duerchschnëttlech ongeféier 29,53 Deeg (29 Deeg, 12 Stonnen a 43 Minutten) a gëtt synodesche Mount genannt. Hien ass domat knapps e Mount grouss. Tatsächlech si souwuel de Begrëff wéi och d'Längt vun engem Mount vun der synodescher Ëmlafzäit vum Äerdmound ofgeleet.
Déi tatsächlech Längt vun enger eenzeler Period – vun enger Lunatioun – ass zimmlech grousse Schwankungen ënnerworf (kuckt heizou: sideresch Period).

Jee no Stellung vum Mound, der Äerd an der Sonn zoueneen si vun der Äerd aus verschidde Phasewénkele vum Äerdmound z'observéieren. Déi verursaachen déi wiesselnd Gestalte vum Mound um Himmel.

Äerd-Mound-System vun Norden aus gesinn...
De Mound gëtt bei senger Wanderung ëm d'Äerd vun der Sonn ugestraalt. Well de Mound vu sech aus net straalt, ass sou ëmmer nëmmen déi Hallschent beliicht, wou d'Sonn drop schéngt. Jee nodeem, wéi de Mound an d'Sonn grad zoueneen stinn, gesi mir ënnerschiddlech vill vun der beliichter Hallschent. D'Positioune vum Mound nennt een:
  1. Neimound,
  2. éischt Véirel,
  3. zouhuelenden Hallefmound (astronomesch: éischt Véirel),
  4. zweet Véirel,
  5. Vollmound,
  6. drëtt Véirel,
  7. ofhuelenden Hallefmound (astronomesch: lescht Véirel),
  8. lescht Véirel.

Wéi mir op der Äerd de Mound dobäi gesinn, gëtt op der ënneschter Graphik däitlech.

... an de Mound aus Siicht vum Norde vun eiser Äerd
Déi an der Astronomie aktuell Zielung fänkt mat Neimound (1) un.
Legend
 
 
A: Äerd
B: Äerdmound
C: Ëmlafrichtung vum Mound
D: Moundbunn ëm d'Äerd
E: Sonnestralen

D'Gréissteverhältnesser vun den Objeten op de Graphiken an hir Ofstänn zueneen entspriechen net deenen natierlechen.

Visualitéit[änneren | Quelltext änneren]

Tabell vun den Haaptphasen
Moundphas Datum
(MEZ)
Auerzäit
(MEZ)
O Vollmound 24. Oktober 2018 17:45:18
0 Lescht Véirel 31. Oktober 2018 17:40:28
0 Neimound 7. November 2018 17:02:11
0 Éischt Véirel 15. November 2018 15:54:29
O Vollmound 23. November 2018 06:39:19
0 Lescht Véirel 30. November 2018 01:18:58
0 Neimound 7. Dezember 2018 08:20:35
0 Éischt Véirel 15. Dezember 2018 12:49:25
O Vollmound 22. Dezember 2018 18:48:46
0 Lescht Véirel 29. Dezember 2018 10:34:33
0 Neimound 6. Januar 2019 02:28:28
0 Éischt Véirel 14. Januar 2019 07:45:35
O Vollmound 21. Januar 2019 06:16:08
0 Lescht Véirel 27. Januar 2019 22:10:37
0 Neimound 4. Februar 2019 22:03:41
0 Éischt Véirel 12. Februar 2019 23:26:14
O Vollmound 19. Februar 2019 16:53:35

De Mound ass eng passiv Liichtquell, dat heescht, hie reflektéiert nëmmen dat Liicht vun der aktiver Liichtquell, der Sonn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mondphasen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Jörg Mildenberger: Anton Trutmanns 'Arzneibuch', Teil II: Wörterbuch, Würzburg 1997 (= Würzburger medizinhistorische Forschungen, 56), Band V, S. 2229