Joseph Thorn (Politiker)

Vu Wikipedia
Versioun vum 22:10, 22. Jul. 2016 vum RobbyBot (Diskussioun | Kontributiounen) (→‎top: link fix, replaced: [http://www.conseil-etat.public.lu/fr/composition/anciensmembres/membresdepuis1857/index.html → [http://www.conseil-etat.public.lu/fr/conseil-d-etat/historique/membresdepuis1857.html using AWB).
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker a Jurist Joseph Thorn. Fir aner Leit mat demselwechten Numm, kuckt wgl. Joseph Thorn.

De Joseph (Jis) Thorn, gebuer de 5. November 1883 zu Iechternach, a gestuerwen den 10. November 1953 an der Stad Lëtzebuerg war e lëtzebuergeschen Affekot an LSAP-Politiker.

Vun 1913 bis 1917 war hien am Stater Gemengerot. Hie war Grënnungsmember vun der LSAP.

Hie war vum 14. Dezember 1945 bis zu sengem Doud Member vum Staatsrot.[1]

Fir un de Jis Thorn z'erënneren huet de Stater Schäfferot den 20. Abrëll 1964 decidéiert eng Plaz zu Märel no him ze benennen; d'place Joseph Thorn läit tëscht dem boulevard Marcel Cahen an der rue Charles Quint.

Gielercher

Referenzen

  1. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot um Site vum Staatsrot
  2. Memorial A N°10 vun 1950 mat der Lëscht vun de Leit déi 1950 mam Ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen