Op den Inhalt sprangen

Joseph Wester

Vu Wikipedia
Joseph Wester
Gebuer 18. Februar 1882
Däitsch-Oth
Gestuerwen 14. November 1920
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Entreprener, Politiker

De Joseph Wester, gebuer den 18. Februar 1882 zu Däitsch-Oth, dunn am Däitsche Keeserräich, a gestuerwen de 14. November 1920 zu Esch-Uelzecht, war e Bau-Entreprener a Lokalpolitiker.[1]

Sëtz vun der Firma a Familljenhaus vum Wester.

De Joseph Wester war zu senger Zäit, wéi Esch sech schëtzeg entwéckelt huet, als Bauentreprener bekannt. Seng Firma huet ë. a. e groussen Deel vun den Aarbechte vun der Iwwerdeckelung vun der Uelzecht gemaach, déi al Post (zesumme mat de Firmae Bregoli a Kersch) an d'Escher Industrie- an Handelsschoul gebaut. D'Gebai um Eck vun der Uelzechtstrooss an der Neistrooss (haut: Liberatiounsstrooss), huet hie fir seng Firma, ma och als Wunnhaus fir seng Famill, gebaut.

Vum 31. Januar 1901 bis den 31. Oktober 1902, an dann nees vum 27. Oktober 1914 bis den 30. Oktober 1917, war hie Gemengeconseiller zu Esch.

Fir un hien z'erënneren, huet den Escher Gemengerot den 8. Juli 1930 decidéiert, eng nei Strooss am Quartier Wobrécken (L-4349) no him ze nennen.[1]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 Quell, wou net anescht uginn: Willy Allamano, Gérard Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues. Esch an der Alzette und seine Straßen. 'De l'histoire à chaque pas. Geschichte auf jedem Schritt'. Esch-sur-Alzette, 2013. ISBN 978-2-87964-136-2, S.242.