Jules-Auguste Lemire
Jules-Auguste Lemire | |
---|---|
Gebuer |
23. Abrëll 1853 Vieux-Berquin |
Gestuerwen |
7. Mäerz 1928 Hazebrouck |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Politiker, Enseignant, Buergermeeschter |
De Jules-Auguste Lemire, gebuer den 23. Abrëll 1853 zu Vieux-Berquin am Departement Nord, Frankräich, a gestuerwen de 7. Mäerz 1928 zu Hazebrouck am selwechten Departement, war e franséische Geeschtlechen a Politiker.
Kandheet a Jugend
[änneren | Quelltext änneren]De Jules-Auguste Lemire gouf an engem klengen Duerf bei Hazebrouck gebuer, wou seng Elteren e klenge Bauerenhaff haten. Hien hat zwou Schwësteren an zwee Bridder. Seng Mamm ass gestuerwen wéi hien eréischt aacht Joer al war an ass vu sengen Tattae gezillt ginn. Hien huet 1872 seng Première gemaach a gouf 1878 Paschtouer zu Hazebrouck. Am Collège Saint-François-d’Assise huet hien ënnert der Leedung vum Jacques Dehaene Latäin, Griichesch, Philosophie a Poesie enseignéiert.
De Politiker
[änneren | Quelltext änneren]De jonke Lemire gouf vun der kathoulescher Dageszeitung L'Univers a vum ultramontanistesche Kardinol Louis-Édouard Pie beaflosst an huet och ugefaangen dem potentiellen Trounpretendant Henri d'Artois (Grof vu Chambord) nozelauschteren an huet souguer mat der lokaler legitimistescher Zeitung Écho de la Flandre zesummegeschafft. Wéi en ëm déi 40 Joer al war, huet hien eng Versönung vun der Kierch mat den Aarbechterklassen ugestrieft, op Basis vun engem Modell vum soziale Katholizismus, dee vum Kardinol Henry Edward Manning gegrënnt gi war.
Éierung
[änneren | Quelltext änneren]Fir un de Jules-Auguste Lemire z'erënneren, goufen eng Rëtsch Stroossen zu Lëtzebuerg no him genannt:
- Rue Abbé Lemire zu Diddeleng
- Rue Abbé Jules Lemire zu Esch-Uelzecht
- Rue Lemire um Belair an der Stad Lëtzebuerg[1]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Jules-Auguste Lemire – Biller, Videoen oder Audiodateien |