Op den Inhalt sprangen

Jules Chomé

Vu Wikipedia
Jules Chomé
Gebuer 22. Mee 1835
Ettelbréck
Gestuerwen 13. Januar 1899
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Riichter
Famill
Papp Joseph Chomé

De Jules Chomé, gebuer den 22. Mee 1835 zu Ettelbréck a gestuerwen den 13. Januar 1899 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Magistrat a Member vum Staatsrot.

De Jules Chomé huet zu Paräis (1856-1857) an zu Heidelberg (1858) Droit studéiert. Ufanks Oktober 1858 huet hien am Kader vun der Collation des grades säin Doktorat zu Lëtzebuerg gemaach[2] an ass dono den 18. Oktober 1858 als Affekot vereedegt ginn. Am Juli 1869 gouf hien Avocat général près la cour supérieure de justice, am September 1875 Conseiller près la cour supérieure de justice an am Abrëll 1885 Procureur général.[1] [3]

Hie war vum 9. Abrëll 1884 bis de 14. Januar 1899 Member vum Staatsrot.[4]

De Jules Chomé war de Fils vum Joseph Chomé[5] an den Enkel vum Pierre François Chomé.

  • Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1890).[6]
  • Chevalier de l’Ordre de Charles III d’Éspagne
  • commandeur de l'Ordre de la Couronne d'Italie
  • commandeur de l’Ordre du Lion Néerlandais
  • chevalier de IIe classe de l’Ordre de la Couronne de Prusse

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 Paul Würth-Majerus: Hundert Jahre Gas in der Stadt Luxemburg. In: Ons Hémecht, 44. Jg., Heft 1 (01.01.1938), S. 54-55.
  2. Courrier du Grand-Duché de Luxembourg., Nº 116 (01.10.1858), S. 3.
  3. 3,0 3,1 Nécrologie. In: L'Indépendance luxembourgeoise, 28. Jg., Nº 12 (14.01.1899), S. 3.
  4. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  5. De Gregor Spedener schreift a senger Notiz iwwer de Jules Chomé, hie wier 1842 Distriktskommissär vu Gréiwemaacher ginn an 1854 Procureur général. Dobäi handelt et sech ëm eng Verwiesslung mat sengem Papp, deen 1842 Distriktskommissär an 1854 Sekretär vum Rechnungshaff (awer net Procureur général) gouf (Spedener, G., 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten : biographische Notizen. P. Faber, Grevenmacher, S. 15).
  6. Memorial N°8 vun 1890 mat der Lëscht vun de Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen