Jupp Wagner
Ausgesinn
Jupp Wagner | |
---|---|
De Jupp Wagner ass um Nikloskierfecht begruewen. | |
Gebuer | 14. Juni 1922 |
Gestuerwen | 29. Dezember 2008 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Priister, Zwangsrekrutéierten |
De Joseph ("Jupp") Wagner, gebuer de 14. Juni 1922, a gestuerwen den 29. Dezember 2008, war e lëtzebuergesche Paschtouer an Zwangsrekrutéierten.[1]
Hie war Paschtouer zu Esch-Uelzecht, Buerglënster an Nidderaanwen. Hie gouf bekannt, well e sech virun allem an den 1980er Joren a Publikatiounen (haaptsächlech am forum) kritesch mat der Politik vu senger Kierchen-Hierarchie auserneegesat huet. Den 1991 nei ernannten Äerzbëschof Fernand Franck huet en, als eng vu sengen éischten Amtshandlungen, zwangspensionéiert.[2]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ De Jupp Wagner um Site ons jongen a meedercher
- ↑ D'Lëtzebuerger Land 56 Nr.2, 09.01.2009, S.4).