Kabes

Vu Wikipedia
Kabes
Wëlle Kabes op Helgoland
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Uerdnung Capparales
Famill Brassicaceae
Gattung Brassica (Kabessen)
Wëssenschaftlechen Numm
Brassica oleracea
Linnaeus

Kabes (Brassica oleracea) ass eng Planzenaart vun der Gattung Kabessen (Brassica) bannent der Famill vun de Brassicaceae. Et gëtt eng sëllegen Zuuchtformen, déi als Geméis gezillt ginn.

Et handelt sech ëm eng ee- bis zweejäreg (bei de Kulturformen) oder ausdauernd, krauteg Aart, déi 40 bis 120 Zentimeter grouss ka ginn.

D'Bestëbsung geschitt duerch Insekten oder duerch Selbstbestëbsung. De Som gëtt duerch de Wand, oder duerch de Mënsch verspreet.

Ursprénglech ass déi wëll Form vum Kabes an de meridionale bis temperéierten, vum Mieresklima beaflosste Küstegéigende vun Europa doheem. E wiisst do op Fielsen, zum Deel och op Küstekliffen, oder an de Bierger.

Systematik[änneren | Quelltext änneren]

Wëll Formen[änneren | Quelltext änneren]

Wëlle Kabes wiisst a fënnef vun eneen ofgegrenzte Géigenden an ënnerscheet sech vuneneen; kann awer duerchernee gekräizt ginn. Jee no Auteur gi se als eegen Aart oder als geographesch Rass kategoriséiert:

  1. Brassica cretica am südleche Griicheland an an der Südwesttierkei;
  2. Brassica rupestris-incana- a Mëttel- a Süditalien, op Sizilien an an den Dinaresche Bierger;
  3. Brassica insularis op Korsika, Sardinien an an Tunesien
  4. Brassica montana (gëtt heiansdo zu der Grupp vun de Brassica oleracea gezielt) laanscht d'Mëttelmierküste vu Spuenien, Frankräich an Italien;
  5. Brassica oleracea laanscht d'Küstefielse vum Atlantik, vu Spuenien bis Südengland, an op Helgoland.

Zuuchtformen[änneren | Quelltext änneren]

Roude Kabes, Choux-raves, Chou-fleur, Romanesco, Brockelcher, Krauselege Kabes, Brokkoli.

Ënnert de sëllegen Zuuchtforme vum Geméis-Kabes, déi all als Varietéite gefouert ginn, fënnt een ë. a. (a Klameren, wat fir Deeler vun der Planz gebraucht ginn):

  • Brassica oleracea var. sabellica = Grénge Kabes (Blieder)
  • Brassica oleracea var. gongylodes = Kohlrabi (verdéckste Sprossachs)
  • Brassica oleracea var. palmifolia = Palmekabes (Blieder)
  • Brassica oleracea convar. capitata = Heederkabes
    • Brassica oleracea convar. capitata var. alba = Wäisse Kabes (Blieder vum gestauchte Sprass)
    • Brassica oleracea convar. capitata var. rubra = Roude Kabes (Blieder vum gestauchte Sprass)
    • Brassica oleracea convar. capitata var. sabauda= Wirsing, (Blieder vum gestauchte Sprass)
  • Brassica oleracea var. botrytis = Chou-fleur (Bléistänn)
    • Brassica oleracea convar. botrytis var. botrytis = Romanesco (Bléistänn)
  • Brassica oleracea var. italica = Broccoli (Bléistänn)
  • Brassica oleracea var. gemmifera = Brokkelcher, Chou de Bruxelles (Blieder vum gestauchte Sprass)
  • Brassica oleracea var. ramosa = Trauschkabes
  • Brassica oleracea var. viridis = Bamkabes (Syn.: Brassica oleracea L. var. acephala DC.)

Kabes an der Kichen[änneren | Quelltext änneren]

Gëtt de Kabes an der Kiche verschafft, gëtt en dacks Mous oder Méischen genannt. (Erwiermt) Gromperen an (erwiermte) Kabes duercherneen nennt een Tierteg.

A Form vu Sauermous kann ee gerappte réie Kabes, dee gegäert ass, iwwert de Wanter versuergen.

Kabes am Lëtzebuerger Folklor[änneren | Quelltext änneren]

Am iwwerdroene Sënn ass Kabes eng Topegkeet, zum Beispill: Schwätz elo kee Kabes = Schwätz elo keng Topegkeeten.

D'Awunner vu Rëmeleng goufen an der Zäit Kabeskäpp genannt. All Joers gëtt do och d'Kabesfest organiséiert mat als Haaptmenü Kabesmätsch.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Brassica oleracea – Biller, Videoen oder Audiodateien