Kapell Lëlz

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kapell vu Lëlz
Kapell vu Lëlz (2015)
Kapell vu Lëlz (2015)
Uertschaft Lëlz
Par Öewersauer
Saint-Pirmin
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Vältes
Baujoer 1760
Koordinaten 49° 54’ 32.0’’ N
05° 53’ 21.6’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kapell zu Lëlz ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Öewersauer Saint-Pirmin, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Esch-Sauer gehéiert. Responsabel ass de Paschtouer Marco Wehles.

De Patréiner vun der Kapell ass den hellege Vältes (Valentin), deem säi Fest de 14. Februar gefeiert gëtt.

D'Kapell steet am Duerfzentrum op der Haaptstrooss.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Lëlz huet fréier zur Par Eschduerf gehéiert (aner Quelle soe Par Kauneref[1]). Zanter 1806 a bis de 7. Mee 2017 war d'Kapell vu Lëlz eng Kapell vun der Par Ënsber, déi zum Parverband Öwersauer, Sankt Pirmin, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet. Zur Par Ënsber huet ausser der Kapell vu Lëlz och nach d'Parkierch vun Ënsber an d'Filialkierch vun Néngsen gehéiert.

D'Architektur vun der 1760 nei gebauter Kapell ass mat hirem iwwereck gebauten aachteckegen Tiermchen um Daach typesch fir d'Kierchegebaier vum 18. Joerhonnert an der Géigend vum haitege Stauséi (Pirminuskapell zu Kauneref, Kapell Léifreg, Kräizkapell Esch-Sauer, Kapell Heeschpelt, Kapell Merscheet).

D'Kapell huet e polychroméierte Barockaltor vum Jean-Georges Scholtus vu Baaschtnech mat an der Mëtt enger wäertvoller Madonna. Eppes Besonnesches un dësem Altor ass, datt en en dréibaren Tabernakel huet mat dräi verschiddenen Hannergrënn: gold, blo a rout. Interessant ass och, datt op den zwou Säite vum Altor jeeweils eng Plaz als Beichtstull virgesinn ass, woubäi de Paschtouer hannert dem Altor an der Sakristei setzt. Op der lénkser Säit, der Fraesäit, si fangerdéck ronn Lächer an der Holztäfelung an op der rietser, der Männersäit, si vill méi grouss véiereckeg Lächer fir ofzetrennen. Iwwer de Sakristeidieren sti vum selwechte Meeschter Statue vum hellege Victor a vum hellege Vältes. Iwwer dem Altor, steet d'helleg Lucia, op hirer rietser Säit den hellege Simon an op der lénkser den hellege Judas Thaddäus. Den Altor gouf ëm 1975 vum Jean Oestreicher vu Wolz restauréiert. De Kräizwee staamt aus der Kierch vun Ënsber.

Bannen an der Sakristei an der Dier vum Schaf hänken déi handgeschriwwen Obligatioune déi d'Paschtéier vun Eschduerf an der Lëlzer Kapell ze respektéieren hunn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Lëlz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Michel Schmitt: Wegführer zu luxemburgischen Kirchen und Kapellen, S. 60