Kapell Riedgen

Vu Wikipedia
Kapell vu Riedgen

Uertschaft / Plaz Riedgen
Par Mess-Réibierg
Sainte-Famille
Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Thomas
Desakraliséiert 3.7.2023
Baujoer 1872
Koordinaten 49° 34’ 27.4’’ N
      06° 02’ 0.3’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kapell vu Riedgen war eng kathoulesch Kapell déi zur Par Mess-Réibierg Sainte-Famille, zum Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Reckeng op der Mess gehéiert huet.

Den 3. Juli 2023 gouf se duerch en äerzbëscheeflechen Dekreet entweit.[1]

D'Kapell vu Riedgen

De Patréiner ass den hellegen Thomas, deem säi Fest den 3. Juli gefeiert gëtt.

Se steet am Uertskär vu Riedgen an der rue de la Chapelle.

Zur fréierer Par Reckeng huet ausser der Kapell vu Riedgen och nach d'Parkierch vu Reckeng an d'Kapell vu Piisseng gehéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi haiteg Kapell ass 1872 gebaut ginn an ass dem Apostel Thomas geweit, deem säi Fest op den 3. Juli fält.

Riedgen war bis 1772 eng Annex vu Réisseng, en Duerf dat duerch d'Pescht an de Jore 1640/50 ausgestuerwen ass. Dunn ass et bei d'Par Recken komm. Vun 1805 bis 1808 huet et zu der Par Leideleng gehéiert, an zanter 1808 ass et nees eng Filial vu Recken.

D'Kapell gouf an de Joren 1969 bis 1978 komplett renovéiert.

Zanter e puer Jore gi keng Sonndesmasse méi an der Kapell gefeiert, a vun 2007 u gëtt se vun der Eglise Protestante de France fir hir Gottesdéngschter gebraucht.

D'Kiermes gëtt um leschte Sonndeg am Abrëll gefeiert, dem Dag vun der Reckener Kiermes.

Vu bausse gesäit een, datt d'Kapell eng rechteckeg Form huet. E klengen Tuerm gëtt et op der Säit vun der Aganksdier. Iwwer der Dier steet eng Muttergottesstatu an der Fassad.

D'Fënstere vun der Firma Zanter an d'Bänke goufen duerch neier ersat an d'Tabernakelsail, d'Statu vun der Rousekranzmadonna, den Ambo, d'Wäiwaasserdëppchen, d'Kierchekräiz an de Kräizwee vum Egino Weinert vu Köln ugeschaaft.

Den Ambo[änneren | Quelltext änneren]

Um Ambo ass d'Päischtwonner an d'Himmelfaart vu Jesus ze gesinn. Weider gesäit een Zeenen, wou de Jesus der Samariterin beim Buer begéint an den Zachäus um Bam sëtzt. Da gëtt et nach Duerstellunge vun enger Pietà an dem Jesus, deen no de Steiere gefrot gëtt (Markus 12,17).

Op der Plack vum Ambo si Symboler vun de véier Evangelisten: Stéier fir de Lukas, e Léiw fir de Markus, e Mënsch fir de Matthäus an en Aadler fir de Johannes.

D'Tabernakelsail[änneren | Quelltext änneren]

Op der Tabernakelsail gi Bibelzeenen duergestallt:

  • d'Hochzäit vu Kana
  • d'Abendmahl
  • d'Begéine mam Thomas
  • déi "dräi Kinneken"
  • de Jonas am Bauch vum Fësch
  • d'Verkënnegung
  • d'Gebuert vum Jesus
  • d'Operstéiung
  • d'Himmelfaart

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Riedgen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Kirchlicher Anzeiger, 3-4, 2023, Nr. 23.