Karelsbréck
![]() vun Osten aus | |
Geographie | |
---|---|
Land | Tschechien |
Plaz | Prag |
Koordinaten |
50° 05’ 11.20’’ N 14° 24’ 42.68’’ O |
Funktioun | |
Benotzt als | Foussgängerbréck |
Féiert iwwer | Vltava |
Technesch Detailer | |
Bréckentyp | Boubréck |
Totallängt | 515,75 |
Felder/Béi | 16 Béi |
Breet | 10 |
Material | Steng |
Bemierkungen | |
Opgaangen | 1380 |
Architekt(en) Konzeptioun | Oto (Peter Parler) |
D'Kar(e)lsbréck (Tschechesch : Karlův most) ass eng Bréck aus dem 14. Joerhonnert an der tschechescher Haaptstad Prag, déi d'Quartieren Staré Město ("Alsatd") a Malá Strana ("Kleng Säit") verbënnt. Bis 1741 war et déi eenzeg Bréck iwwer d'Vltava (Moldau) zu Prag.
Den Numm ass eréischt zanter dem 19. Joerhonnert geleefeg (virdrun housch se "Stenge Bréck") a bezitt sech op den däitsche Keeser Karel IV., ënnert deem d'Bréck gebaut gouf.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
Der Traditioun no wier de Peter Parler den Architekt vun der Bréck gewiescht, ma 2007 koum eraus, datt et e gewëssen Oto war, an de Parler se just fäerdegbaue gelooss huet.
De Grondstee gouf 1357 geluecht, 1380 war se fäerdeg. Si ersetzt d'Judith-Bréck, déi kuerz virdrun duerch en Héichwaassser ewechgerappt gi war. Virbild war d'Steinerne Brücke zu Regensburg. Op hiren zwee Enner ass d'Karelsbréck duerch en Tuerm geschützt. Der Legend no hunn d'Baueren aus der Ëmgéigend Tonne vun Eeër erbäitransportéiert, fir dës an d'Speis ze verréieren, fir dass d'Bréck besonnesch stabil sollt ginn.
Statuen[änneren | Quelltext änneren]
Am Laf vum 17. an 18. Joerhonnert, tëscht 1683 a 1714 gouf d'Bréck, nom Modell vun der Engelsbréck zu Roum, mat am Ganzen 30 stenge Statue gerëscht, déi nach haut do stinn (verschiddener goufen duerch Kopien ersat). Ënnert hinnen ass déi vum Bommenzinnes, dem hellegen Nepomuk, dee vun do 1393 an d'Vltava gehäit gi war, well en dem Wenzel IV. net wollt verroden, wat seng Fra him gebeicht hat. Déi meescht si vun de Barock-Sculpteure Jan Brokoff a sengem Jong Ferdinand Maximilian Brokoff, an dem Matthias Bernhard Braun.
Südsäit, vun der Alstad op d'Malá Strana:
Hellegen Yves
Hellege François-Xavier
Hellege Christophe
Hellege Francesco Borgia
Helleg Ludmila mam Hellege Wenzel als Kand
Hellege Franziskus vun Assisi
Helleg Vincent Ferrier a Prokop vu Sázava
Hellegen Niccolò vu Tolentino
D'Visioun vun der Lutgardis
Hellegen Adalbert vu Prag
Hellege Jean vu Matha, Hellege Félix vu Valois an Hellegen Ivan
Hellege Wenzel
Nordsäit, vun der Alstad op d'Malá Strana:
Muttergottes an Hellege Bernard
Muttergottes an Hellege Dominique an Thomas vun Aquino
Helleg Anna
Helleg CKyrill a Method
Hellege Jang den Deefer
Hellegen Antonio vu Padova
Hellege Judas
Saint Augustin
Hellege Gaëtan
Hellege Philippe Benizi
Hellege Guy
Helleg Cosimus an Damian mam Christus
Galerie[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Charles Bridge – Biller, Videoen oder Audiodateien |