Karl Kohn
Karl Kohn | |
---|---|
Gebuer | 1867 |
Gestuerwen | 1897 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Literat |
Famill | |
Geschwëster | Jean Charles Kohn |
De Karl Kohn, gebuer den 31. Mäerz 1867 zu Gréiwemaacher, an do gestuerwen de 14. Abrëll 1897, war e lëtzebuergesche Literat.
De Karl Kohn, deen de Brudder war vum Jean Charles Kohn (deen och „Karl” genannt gouf) an de Koseng vum Bernard Kohn, war e Postbeamten, deen zu Beetebuerg, Mondorf, Gréiwemaacher an (nëmme e puer Deeg) zu Péiteng geschafft huet.
Wéi säi Brudder huet hie sech fir Literatur intresséiert a war och Member vum „Verein für Luxemburger Geschichte, Literatur und Kunst”; an deem senger d'Zäitschrëft „Ons Hémecht” huet hien 1895 de Bäitrag „Die Mutter und ihr Kind. Eine Phantasie” publizéiert, deen de Martin Blum fälschlecherweis dem Johann Karl Kohn zougeschriwwen huet.[1]
De Karl Kohn ass am Alter vun 29 Joer gestuerwen. Hie gouf den 18. Abrëll 1897, op Ouschtersonndeg, zu Gréiwemaacher begruewen.
Den Eifeldichter Peter Zirbes huet en Noruff an der Zäitschrëft „Ons Hémecht” publizéiert, deen de Martin Blum awer iertemlecherweis dem Jean Charles Kohn attribuéiert huet.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Massard, J.A., 2015. Aufstieg und Fall des Johann Karl Kohn (1857-1909), Mitglied der „Fauna”, Literat und Historiker, Vorsteher des statistischen Dienstes. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 303-320 [Karl Kohn: S. 317-318].
- Zirbes, P., 1897. † Karl Kohn. Nekrologische Notiz. Ons Hémecht 1897 (5), S. 268-269.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Massard 2015, S. 317.
Wilhelm, F., 2014. Johann Karl Kohn. In: Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. Online Editioun [gekuckt: 26.05.2015].