Bernard Kohn

Vu Wikipedia
Bernard Kohn
Gebuer 28. Abrëll 1846
Gréiwemaacher
Gestuerwen 27. September 1926
Banja Luka
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Paschtouer, Kleriker

De Laurent Bernard Kohn, gebuer den 28. Abrëll 1846 zu Gréiwemaacher a gestuerwen de 27. September 1926 zu Banja Luka (Bosnien), war e lëtzebuergesche Geeschtlechen an Auteur.

Seng Priisterwei krut de Bernard Kohn den 18. Dezember 1868. Duerno war hie Vikar zu Ielwen (Gemeng Biekerech) an der Léiffraekierch an an der Stad Lëtzebuerg, wou hien de Kierchechouer geleet huet. 1876 gouf hie Paschtouer zu Simmer a schliisslech, de 14. Juni 1893, zu Diddeleng.

Am Joer 1902 huet de Bernard Kohn säin Amt zu Diddeleng opginn, awer net fräiwëlleg, mä well et geheescht huet, hien hätt sech u klenge Meedercher vergraff. De Kohn, deen direkt no senger Demissioun d'Land verlooss hat, fir sech am Ausland bei de Kartaiser ze verstoppen, gouf am Mee 1903 « par contumace » wéinst « atteinte à la pudeur » zu zwee Joer Prisong verurteelt. De Kohn ass 1926 als “Pater Willibrord" an der Abtei Mariastern (Opatija Marija Zvijezda), engem Trappisteklouschter zu Banja Luka gestuerwen.

De Bernard Kohn war de Cousin vum Jean Charles Kohn a vum Karl Kohn.

A senger Zäit als Geeschtlechen zu Lëtzebuerg huet de Bernard Kohn zwee Gebietsbicher, eent fir Erwuessener an eent fir Kanner, an eng Artikelserie am „Luxemburger Wort” iwwer déi grouss däitsch Pilgerfahrt vun 1885 op Roum publizéiert.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Der geheiligte Tag des Christen: ein katholisches Gebetbuch, enthaltend nebst vielen ausgewählten gewöhnlichen Andachts-Uebungen, die den Sonn- und Festtagen eigene Vesper-Andacht, die kirchlichen Litaneien, Todten-Offizien und Todten-Messen, Kreuzweg, Betrachtungen u.s.w. Zweite Auflage, vermehrt und verbessert. Luxemburg, Gebr. Heintzé, 2+562 S. (ouni Datum, 1873 erschéngen).
  • Kleines Palmgärtlein. Ein Gebetbuch für die kleinen Kinder. Luxemburg, Gebr. Heintzé, 219+4 S. (ouni Datum).
  • Unsere Rompilger. Luxemburger Wort 1885, Nr. 118 (28. April): 2, Nr. 119 (29. April): 2, Nr. 127 (7. Mai): 1, Nr. 128 (8. Mai): 1-2, Nr. 129/130 (9./10. Mai): 1, Nr. 132 (12. Mai): 1-2.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]