Karl Schnog
Karl Schnog | |
---|---|
Gebuer |
14. Juni 1897 Köln |
Gestuerwen |
23. August 1964 Berlin |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
De Karl Schnog, gebuer de 14. Juni 1897 zu Köln, a gestuerwen den 23. August 1964, war en däitsche Lyriker, Publizist, Lauschterspillauteur an Erzieler.
No enger Commerce-Léier war de Schnog Zaldot am Éischte Weltkrich. No 1918 huet en Diktioun a Schauspillunterricht geholl, a vun 1927 un huet e geschriwwen. Am Mee 1933 ass en an d'Schwäiz emigréiert an en huet eng Zäitchen am Cabaret Cornichonc als Textschreiwer geschafft. Duerno koum en op Lëtzebuerg. Nieft senger Mataarbecht a verschiddenen däitschen Exilpublikatiounen huet de Schnog a ville lëtzebuergeschen Zeitungen an Zäitschrëfte matgeschriwwen.
Beim Iwwerfall vun den Nazi-Truppen, am Mee 1940, gouf de Schnog festgesat an dorophin an d'Konzentratiounslagere vun Dachau, Sachsenhausen a Buchenwald verschleeft. 1945 koum en op Lëtzebuerg zeréck an huet bei Radio Lëtzebuerg geschafft. Kuerz drop ass en op Ost-Berlin geplënnert, wou e Mataarbechter vun der satirescher Zäitschrëft Ulenspiegel war, an eng Zäit Chefredakter.
Vun 1948 bis 1951 war e Redakter beim Berliner Rundfunk an duerno fräie Schrëftsteller.
Säi Wierk (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Karl Schnog: Unbekanntes KZ Lëtzebuerg, 1945
- Karl Schnog: Jedem das Seine, Berlin, 1947
- Karl Schnog: En Nowuert fir der Hannelore Holtz hiert Buch: Wir lebten in Berlin, Berlin, 1947
- Karl Schnog: Zeitgedichte - Zeitgeschichte, Berlin, 1949
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Goetzinger, G., 2018. Erinnerung an Hannah Schnog. Les cahiers luxembourgeois 2018-2, S. 35-41.