Katrín Jakobsdóttir

Vu Wikipedia
Katrín Jakobsdóttir
Gebuer 1. Februar 1976
Reykjavík
Nationalitéit Island
Educatioun Universitéit Island,
Universitéit Island
Aktivitéit Politiker, Ëmweltaktivist
Partei Lénks-Gréng Beweegung
Mamm Signy Thoroddsen

D'Katrín Jakobsdóttir, gebuer den 1. Februar 1976 zu Reykjavík, ass eng islännesch Politikerin (Lénks-gréng Beweegung). Si war vum 30. November 2017 bis den 9. Abrëll 2024 Premierministesch.

D'Katrin[1] war zanter 2003 Vizepresidentin, an zanter 2013 Presidentin vun der Lénks-grénger Beweegung. Vun 2007 bis 2017 war si Member vum Althing, dem islännesche Parlament. Tëscht 2009 an 2013 war si Ministesch fir Bildung, Wëssenschaft, Kultur an Nordesch Zesummenaarbecht.

D'Katrín huet op der Universitéit Island (Háskóli Íslands) islännesch Sprooch a Literatur studéiert.

Am Abrëll 2024 ass si vun hirem Posten als Premierministesch zeréckgetrueden, fir bei de Presidentewale kënnen ze kandidéieren. Nofollger am Amt gouf de Bjarni Benediktsson, deen och hire Virgänger war.[2]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. An Island ginn d'Leit traditionell mam Virnumm identifizéiert.
  2. "Iceland appoints Bjarni Benediktsson to replace Katrín Jakobsdóttir as PM." theguardian.co.uk, 2024-04-10.