Kierch Ënnereesbech

Vu Wikipedia
Kierch vun Ënnereesbech
Kierch vun Ënnereesbech (2015)

Kierch vun Ënnereesbech (2015)
Kierch vun Ënnereesbech (2015)
Uertschaft / Plaz Ënnereesbech
Par Parc Our
Saint-Nicolas
Dekanat Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Willibrord
Koordinaten 50° 00’ 00.9’’ N
      06° 08’ 39.7’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Ënnereesbech ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Parc Housen gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Willibrord, deem säi Fest de 7. November gefeiert gëtt.

Se steet op der Kräizung vun der Haaptstrooss, der N10, mat der Strooss Am Duerf.

Zur fréierer Par Ënnereesbech huet ausser der Parkierch vun Ënnereesbech och nach d'Kapell vun Uewereesbech gehéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Fréier war Ënnereesbech zesumme mat Iwwereesbech (Übereisenbach) an Däitschland eng eege Par déi zum Äerzbistum Tréier gehéiert huet. Den éischte Paschtouer zu Ënnereesbech war den Hubert von Stockem.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Ënnereesbech – Biller, Videoen oder Audiodateien