Kierch Eschweiler

Vu Wikipedia
Kierch vun Eschweiler
Filialkierch vun Eschweiler

Filialkierch vun Eschweiler
Filialkierch vun Eschweiler
Uertschaft / Plaz Eschweiler
Par Wooltz
Saints-Pierre-et-Paul
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Mauritius
Baujoer 1870
Koordinaten 49° 59’ 47.0’’ N
      5° 56’ 53.7’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vun Eschweiler ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wolz gehéiert.

Se steet op der Kräizung vun der Haaptstrooss (Duerfstrooss), dem CR328, mat dem Kierchewee, dee bis bei de Kierfecht féiert.

Patréiner[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch ass dem hellege Mauritius geweit, deem säi Fest den 22. September gefeiert gëtt. Zweete Patréiner ass den hellegen Albinus.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Eschweiler mat Knapphouschent a Selschent huet Ufanks zu Wolz gehéiert a gouf am 10. Joerhonnert eng eegestänneg Par. Knapphouschent gouf dunn 1808 mat Selschent och eng eege Par.

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Eschweiler, déi zum Parverband Wooltz, Kiischpelt, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet. Et war déi eenzeg Kierch an där Par.

D'Gebai[änneren | Quelltext änneren]

Déi al Kierch vun Eschweiler stoung relativ am Ufank vum Duerf, do wou haut d'Monument aux Morts ass um ale Kierfecht. 1870 ass eng nei Kierch gebaut ginn, sou wéi mer se elo kennen.

Am Januar 1945, wärend der Ardennenoffensiv gouf d'Kierch zimmlech beschiedegt. Mat engem gréisseren Don vun der Famill Mergenthaler aus den USA, där hiren eenzege Jong a Kandskand vum Ottmar Mergenthaler den 18. Dezember 1944 zu Eeschweeler gefall ass, souwéi mat d'Hëllef vum Staat, goufen eng Rei Aarbechten nom Krich realiséiert: eng nei Uergel vum Joseph Schilling vu Kruuchten, en neit Portal, d'Vergréisserung vun der Sakristei.

Am Joer 2000 ass d'Kierch komplett restauréiert ginn. Dobäi goufen déi al Molereien nees fräigeluecht.

Bannenan[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch vun Eschweiler, bannen

De Mobiliar[änneren | Quelltext änneren]

De wäertvolle Mobiliar ass vun der aler Kierch eriwwer geplënnert ginn an déi nei, an ass warscheinlech vum Jean-Georges Scholtus (ëm 1680-1754). Den 18. Februar 2001 ass en neien Altor konsekréiert ginn.

D'Uergel[änneren | Quelltext änneren]

Déi nei Uergel vun 2004

Enn 1899 ass eng Uergel vun der Firma Müller vu Reifferscheid installéiert ginn.

Am Joer 2004 gouf eng nei Uergel vun der Firma Eisenbarth vu Passau an der Kierch installéiert.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

1898 goufen dräi nei Klacke vun der Firma Bour & Guenser vu Metz gegoss. Déi kleng ass schonn 1901 gerass a gouf am selwechte Joer mat enger grousser Klack vun der selwechter Firma ersat. D'Klacke lauden am Schlagtoun a' g' e'.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Eschweiler – Biller, Videoen oder Audiodateien