Jakobuskierch zu Greiweldeng

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kierch Greiweldeng)
Kierch vu Greiweldeng
Parkierch vu Greiweldeng (2013)

Parkierch vu Greiweldeng (2013)
Parkierch vu Greiweldeng (2013)
Uertschaft / Plaz Greiweldeng
Par Dräilännereck Musel a Ganer
Saint-Nicolas
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Jakobus
Koordinaten 49° 35’ 11.5’’ N
      06° 21’ 30.3’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Jakobuskierch zu Greiweldeng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Stadbriedemes gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Jakobus, deem säi Fest de 25. Juli gefeiert gëtt.

D'Kierch steet op der Gemengebréck, dem CR145.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

  • 1474 gouf fir d'éischt eng Kapell zu Greiweldeng ernimmt.
  • Am Visitatiounsrapport vu 1570 gouf als Patréiner de Jakobus den Eeleren ernimmt. D'Kapell hat zwéin Altär an dräi Kielecher. D'Par huet zur Par Lenneng gehéiert.
  • De 14. Januar 1728 krut Greiweldeng deen éischten eegene Geeschtlechen, de Johann Peter Ernstorff vu Waldbriedemes, deen och Schoul gehalen huet.
  • Am Joer 1832 huet den Architekt Schaar vu Gréiwemaacher Pläng gemaach fir méi eng grouss Kierch zu Greiweldeng, déi nach am selwechte Joer ausgefouert goufen.
  • Den 9. September 1836 gouf Greiweldeng zu enger eegener Par erhuewe mam Pierre Even als éischte Paschtouer.
  • Well d'Kierch nach ëmmer ze kleng war, goufen 1836 an 1846 Pläng gemaach fir d'Kierch ze vergréisseren, déi awer net ausgefouert goufen.
  • Ënner dem Paschtouer Nicolaus Zeimes si vum Staatsarchitekt Charles Arendt 1865 nees Pläng fir eng nei Kierch op der selwechter Plaz gemaach ginn.
  • 1874 ass mam Gemengerot eng Eenegung fonnt gi fir de Bau vun der neier Kierch. De 27. Juli gouf de Grondstee geluecht.
  • Am Februar 1945 gouf aus strategesche Grënn vun amerikaneschen Zaldoten de Kierchtuerm gesprengt, wouduerch déi ganz Bannenariichtung beschiedegt gouf.
  • 1948 war d'Kierch nees opgebaut sou wéi se haut nach ass.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

De 24. Oktober 1948 goufe vum Deche Bernard Ries vu Réimech dräi nei Klacken ageweit, déi vun der Klackegéisserei Mabilon zu Saarburg gegoss gi waren. Se lauden am Toun La (b'), Sol (as') a Mi (f').

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jakobuskierch zu Greiweldeng – Biller, Videoen oder Audiodateien