Kierch Nidderkolpech

Vu Wikipedia
Kierch vun
Nidderkolpech
Parkierch vun Nidderkolpech (2014)

Parkierch vun Nidderkolpech (2014)
Parkierch vun Nidderkolpech (2014)
Uertschaft / Plaz Nidderkolpech
Par Atertdall Sainte-Claire
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Andreas
Baujoer 1733
Koordinaten 49° 45’ 29.1’’ N
      05° 49’ 29.1’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Nidderkolpech ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Atertdall Sainte-Claire an zu der Gemeng Ell gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Andreas, deem säi Fest den 30. November gefeiert gëtt.

Se steet an der Kierchestrooss, enger klenger Säitestrooss vum CR303. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Zur fréierer Par Kolpech huet ausser der Parkierch vun Nidderkolpech och nach d'Kapell vu Kleng Elchert gehéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Wéi um Schlosssteen iwwer der Aganksdier uginn, staamt d'Kierch vu 1733. Um rietse Säitenaltor ass d'Joer 1712 uginn. D'Kierch war vum Émile Mayrisch bannendra ganz bemole gelooss ginn, mä dës Freske goufe spéider nees iwwerstrach.

D'Kierch vun Nidderkolpech gouf de 5. Juli 1991 inklusiv dem Parvis an dem Kierfecht op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument opgeholl. De barocke Mobiliar vun der Kierch gouf schonn de 26. Juli 1990 ënner Denkmalschutz gesat.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Nidderkolpech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).