Kierch Nidderkuer
Ausgesinn
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Nidderkuer | |||
Par | Par Déifferdeng Saint-François-d'Assise | |||
Dekanat | Dekanat Süden-West | |||
Numm / Patréiner | Hl. Péiter a Pol | |||
Konsekratioun | 1893 | |||
Architekt(en) | Antoine Hartmann | |||
Koordinaten | 49° 32’ 11.7’’ N 05° 53’ 16.2’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch vun Nidderkuer ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Déifferdeng Saint-François-d'Assise an zu der Gemeng Déifferdeng gehéiert.
De Patréiner sinn d'Helleg Péiter a Pol, deenen hiert Fest den 29. Juni gefeiert gëtt.
Se steet am nordwestlechen Deel vun Nidderkuer an engem Dräieck tëscht der rue de l'Église, der rue du Cimetière an der rue St. Paul. Hanner der Kierch e bëssche méi héich erop ass de Kierfecht vun Nidderkuer.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Kierch mat dräi Schëffer gouf 1854 no Pläng vum Architekt Antoine Hartmann gebaut. Se gouf de 15. Juli 1893 vum Bëschof Jean-Joseph Koppes konsekréiert.
Klacken
[änneren | Quelltext änneren]3 Klacken, déi am Salve-Regina-Motiv lauden hänken am Tuerm. Se staamen aus der selwechter Géisserei, awer aus zwee Johrhonnerten.
Nr. | Numm | Gewiicht (kg) | Duerchmiesser (cm) | Toun | Géisser | Gossjoër |
---|---|---|---|---|---|---|
1 | Maria Tréischterin | 1'200 | 126 | e' | Mabilon | 1952 |
2 | Péitrus | 700 | 104 | g' | Mabilon | 1858 |
3 | Apollonia | 500 | 93 | a' | Mabilon | 1858 |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierch Nidderkuer – Biller, Videoen oder Audiodateien |