Kierch Noumer
| ||||
|---|---|---|---|---|
Kierch vun Noumer (2005) | ||||
| Uertschaft / Plaz | Noumer | |||
| Par | Mëllerdall Saint-Michel | |||
| Dekanat | Zentrum | |||
| Konsekratioun | 1873 | |||
| Koordinaten | 49° 47’ 40.1’’ N 06° 10’ 23.5’’ O | |||
| Kierchen - Kapellen | ||||
D'Kierch zu Noumer ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Mëllerdall Saint-Michel, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Noumer gehéiert.
D'Kierch steet nieft dem Gemengenhaus an der Haaptstrooss, dem CR306, op der Kräizung mat der rue du Knapp.
Den 21. Juni 2017 gouf se als nationaalt Monument op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.
Zur fréierer Par Noumer gehéieren ausser der Parkierch vun Noumer och nach d'Filialkierch vu Schrondweiler an d'Kapell vun Uewerglabech.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]1869 ass déi al Noumer Kierch verbrannt an den 18. Abrëll 1871 gouf de Grondstee fir eng nei geluecht, déi dunn no de Pläng vum Architekt Biwer gebaut gouf an den 8. September 1873 vum Bëschof Nicolas Adames geweit gouf. 1970 ass se restauréiert ginn a krut en neien Altor.
Triptychon
[änneren | Quelltext änneren]Den Triptychon am Chouer gouf 1993 vum Nicola Ragno gemoolt. Den Triptychon besteet aus 11 Deeler Uelegmolerei, ass 6,60 m laang an 3 m héich. Am lénksen Deel ass de Kuss bei der Gëllener Paart vum Joachim an der Anna, de Grousseltere vu Jesus. D'Anna ass schei a kuckt erof. Am Zentrum gesäit ee Mamm, Meedchen a Kand. D'Anna steet do an all hirer Herrlechkeet, wärend d'Maria sech vun hier léist a sech no hirem Kand zoudréint. Am rietsen Deel ass d'Gebuert vu Maria duergestallt.
Follgend ikonographesch Referenze sinn an dësem Triptychon verschafft: Am zentralen Deel erkennt een déi gotesch Statu aus dem Meesebuerger Schlass: D'Anna huet d'Maria um Schouss, déi de Jesus um Schouss huet. Tëschent den ionesche Kolonnen erschéngt de Verkënnegungsengel. D'ionesch Kolonne sinn eng Referenz un den Tempel vun Ephesus, hei gouf 431 um Konzil den Titel Mutter Gottes fir d'Maria proklaméiert. An ënneschten Deel erkennt ee riets, wéi de Joachim aus dem Tempel verdriwwe gouf, am Zentrum wéi den Engel dem Joachim erschéngt a lénks d'Presentatioun vu Maria am Tempel.
De Kuss bei der Gëllener Paart ass eng Referenz un dem Vivarini seng Duerstellung an der Kierch Santa Maria Formosa zu Venedeg.
-
Triptychon
-
Chouerraum
-
Duxall mat Uergel
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Radiomesse aus der Pfarrkirche Nommern, Joseph Heintz, Lëtzeburger Sonndesblad, 1981, Nr. 16, p. 4-5
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Kierch Noumer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Fënstere vun der Kierch vun Noumer op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- Websäit vun den "Amis de l'orgue" iwwer d'Uergel zu Noumer
- D'Uergel vun der Kierch op Orgues.lu (de)
- Dossier iwwer d'Klassement vun der Kierch op conseil-etat.public.lu, gekucjt de 7. November 2025
