Kierch Pärel
| ||||
---|---|---|---|---|
Parkierch vu Pärel (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Pärel | |||
Par | Rammerech Saint-Valentin | |||
Numm / Patréiner | Hl. Lambert | |||
Konsekratioun | 1924 | |||
Architekt(en) | Biwer, Ch. Arendt | |||
Koordinaten | 49° 48’ 34.5’’ N 05° 45’ 54.6’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch zu Pärel ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Rammerech Saint-Valentin an zu der Gemeng Rammerech gehéiert.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Lambert, deem säi Fest den 18. September gefeiert gëtt.
D'Kierch steet op der Kräizung vun der rue de l'Église mat der rue de Holtz, déi alle béid zum CR312 gehéieren.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Am Joer 1804 gouf di al Kierch, déi um Kierfecht stoung, ofgerappt an eng nei no de Pläng vum Architekt Biwer op der Plaz vun der Hubertuskapell gebaut. 1860 gouf d'Kierch no de Pläng vum Architekt Charles Arendt duerch den Ubau vum Klackentuerm mat zwou Klacken an engem Chouer vergréissert. 1870 koum nach e Kierchestëff dobäi an 1874 gouf de Banneraum am neogothesche Stil fäerdeg gestallt. Eréischt 1924 ass d'Kierch vum Bëschof Pierre Nommesch konsekréiert ginn.
1976 krut d'Kierch véier nei Klacken aus der Äifeler Klackegéisserei Johann Mark. 1978 gouf déi al elektresch Uergel duerch eng nei Päifenuergel vun der Uergelmanufaktur Oberlinger ersat.
Am Joer 1990 sinn nei Kierchefënsteren agebaut ginn déi vum russesche Kënschtler Vassili Gan entworf goufen. Vun deemselwechte Kënschtler gouf och d'Kiercheportal aus Eechenholz entworf.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierch Pärel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Rammerech
- D'Fënstere vun der Kierch vu Pärel op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op Orgues.lu
-
D'Kierch vu Südweste gesinn
-
Den Agank fir an d'Kierch