Kierch Lëtzebuerg-Rollengergronn

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kierch Rollengergronn)
Kierch vum Rollengergronn
Kierch vum Rollengergronn (2008)

Kierch vum Rollengergronn (2008)
Kierch vum Rollengergronn (2008)
Uertschaft / Plaz Rollengergronn
Par Lëtzebuerg
Notre-Dame
Dekanat Lëtzebuerg
Numm / Patréiner Hl. Antonius
Konsekratioun 1887
Koordinaten 49° 37’ 25.2’’ N
      06° 06’ 17.6’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch am Rollengergronn ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Dekanat Lëtzebuerg an zur Gemeng Lëtzebuerg gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Antonius, deem säi Fest den 13. Juni gefeiert gëtt.

D'Kierch steet am Rollengergronn an der Montée des Tilleuls, enger Sakgaass déi vun der Kräizung vum Reckendall, dem CR230, mat der rue de Rollingergrund, der N12, fortgeet.

D'Kierch gëtt zanter 2016 net méi vun de Katholicke gebraucht a steet zanterhier der Communautéit vun de Koptesche Chrëschten aus Eritrea zur Verfügung; si kruten vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich eng autorisation de célébrer fir Rollengergrënnesch Kierch[1].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

D'Kierch am Rollengergronn gouf den 10. Oktober 1887 konsekréiert.

Zukunft vun der Rollengergrënnescher Kierch[änneren | Quelltext änneren]

Well d'Kierch net méi vun der kathoulescher Communautéit benotzt gëtt an d'Kierchefabrick net méi fir d'Entretienskäschten opkomme wëll, ass virgesinn datt d'Konventioun tëscht der Kierchefabrick an dem Proprietär, der Stad Lëtzebuerg, Enn 2024 net méi verlängert gëtt. D'Kierch géif dann eventuell entweit ginn[1].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Lëtzebuerg-Rollengergronn – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 (lb)Serie Stater Kierchen (2): D'Kierch vum Hellegen Antonius vu Padua am Rollengergronn: Desakraliséierung!. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2023-08-18.