Kierch Stadbriedemes

Vu Wikipedia
Kierch vu Stadbriedemes
Parkierch vu Stadbriedemes (2013)

Parkierch vu Stadbriedemes (2013)
Parkierch vu Stadbriedemes (2013)
Uertschaft / Plaz Stadbriedemes
Par Dräilännereck Musel a Ganer
Saint-Nicolas
Dekanat Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Thomas
Konsekratioun 1847
Architekt(en) Schaar
Baujoer 1834
Koordinaten 49° 33’ 50.3’’ N
      06° 21’ 50.6’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Stadbriedemes ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Stadbriedemes gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Thomas, deem säi Fest den 3. Juli gefeiert gëtt. Zweete Patréiner ass den hellege Valentin.

D'Kierch steet an der Dicksstrooss, dem CR149.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem 10. Joerhonnert bis zur franséischer Revolutioun war Stadbriedemes eng Filial vun der Par Réimech an et hat nëmmen eng kleng Kapell déi dem hellege Valentin geweit war. No der franséischer Revolutioun ass Stadbriedemes dunn am Joer 1804 eng eegestänneg Par ginn.

Well d'Kapell ze kleng war, gouf 1833 decidéiert, méi eng grouss Parkierch ze bauen. D'Pläng fir déi nei Kierch goufe vum Architekt Schaar aus Gréiwemaacher gemaach. Den Tuerm, dee 1754 méi héich gemaach gouf, ass bäibehale ginn grad wéi deen alen Agank mat der Joreszuel 1754. 1834 war de Bau am neoklassesche Stil fäerdeg, ass awer eréischt de 26.6.1947 vum apostolesche Vikar Théodore Laurent konsekréiert ginn. E Chronogramm iwwer dem Haaptagank ergëtt d'Joreszuel 1834.

1904 goufen dräi Klacke vun der Klackegéisserei Causard vu Colmar am Tuerm opgehaangen, déi an de Schlagtéin La, Sol, Fa lauden. 1921 koum nach eng Kierchenauer an den Tuerm bäi.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Stadbriedemes – Biller, Videoen oder Audiodateien
D'Parkierch vu Stadbriedemes (2013)