Kierch Useldeng

Vu Wikipedia
Kierch vun Useldeng
Filialkierch vun Useldeng (2014)

Filialkierch vun Useldeng (2014)
Filialkierch vun Useldeng (2014)
Uertschaft / Plaz Useldeng
Par Atertdall
Sainte-Claire
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Péitrus
Architekt(en) Jean-Pierre Knepper
Baujoer 1900
Koordinaten 49° 46’ 3.9’’ N
      5° 58’ 45.5’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Useldeng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Atertdall Sainte-Claire, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Useldeng gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Péitrus, deem säi Fest den 29. Juni gefeiert gëtt.

Se steet op der Kräizung vun der Kierchestrooss (rue de l'Église) mat der Areler Strooss (route d'Arlon), der N24, net wäit vun der Useldenger Buerg.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch gouf 1900 no Pläng vum Architekt Jean-Pierre Knepper gebaut.

Bis zum 7. Mee. 2017 war et d'Parkierch vun der Par Useldeng, déi zum Parverband Biekerech-Useldeng, zu der Pastoralregioun Zentrum an zum Dekanat Osper gehéiert huet. Zur fréierer Par Useldeng huet ausser der Parkierch och nach d'Filialkierch vu Rippweiler gehéiert.

D'Kierch vun Useldeng huet e schéine barocken Tabernakel vum Michel Weiler an en Triptychon aus dem Atelier Jungblut vu Réimech. Se huet eng Klack, déi am Schlagtoun La laut.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Useldeng – Biller, Videoen oder Audiodateien