Kierch Wolwen
| ||||
---|---|---|---|---|
Parkierch vu Wolwen (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Wolwen | |||
Par | Rammerech Saint-Valentin | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hl. Péitrus a Paulus | |||
Baujoer | 1785 | |||
Koordinaten | 49° 49’ 41.2’’ N 05° 45’ 46.9’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch zu Wolwen ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Rammerech Saint-Valentin an zu der Gemeng Rammerech gehéiert.
D'Patréiner vun der Kierch sinn d'Helleg Péitrus a Paulus, deenen hiert Fest den 29. Juni gefeiert gëtt. Niewepatréinesch ass d'Mater Dolorosa, déi op Passiounssonnde gefeiert gëtt. Kiermes ass all Joer op Päischtsonnden.
Se steet an der Kierchestrooss (rue de l'Église).
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Schonn 1330 gouf an engem Dokument eng Péitrus a Paulus-Kierch zu Wolwen ernimmt, déi deemools op där Plaz stoung wou haut nach d'Wolwener Klaus steet. 1783 gouf di al Kierch awer ofgerappt an eng nei am Duerfkär gebaut. Dës Kierch ass iwwer eng länger Period gebaut ginn, sou war d'Kiercheschëff 1785 fäerdeg, den Tuerm gouf vun den Awunner vum Duerf selwer awer eréischt 1876 gebaut.
Den Héichaltor aus Eechenholz vun de Bridder Welter vu Gilsdref gouf 1917 geweit. Uewen um Altor steet eng Muttergottesstatu déi nach aus der aler Kierch staamt an op d'17. Joerhonnert bis Ufank 18. Joerhonnert datéiert gëtt.
1963 goufe sechs vun den zéng Kierchefënstere mat neie vum Kënschtler Mett Hoffmann vu Bungeref ersat.
Billergallerie
[änneren | Quelltext änneren]-
Hellege Péitrus - Parpatréiner vu Wolwen - Statu am Agang vun der Kierch
-
Hellege Paulus - Parpatréiner vu Wolwen - Statu am Agang vun der Kierch
-
Uergel an der Kierch zu Wolwen
-
Banneraum vum Chouer aus gesinn
-
Banneraum vum Duxall aus gesinn
-
Chouer vun der Wolwener Kierch
-
Statu vun der Helleger Bärbel
-
Deel vum Héichaltor - Wolframslegend
-
Deel vum Héichaltor - Wolframslegend
-
Héichaltor vun der Wolwener Kierch (1917 geweit)
-
Fënster an der Sakristei
-
Wolwener Kierch vu baussen
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierch Wolwen – Biller, Videoen oder Audiodateien |