Wolwener Klaus

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Wolwener Klaus
Wolwener Klaus 04.jpg
Land Lëtzebuerg
Kanton Réiden
Gemeng Coat of arms rambrouch luxbrg.png Rammerech
Buergermeeschter Toni Rodesch (CSV)
Koordinaten 49° 49’ 52’’ N
05° 46’ 42’’ O
D'Kapell op der Wolwener Klaus

D Wolwener Klaus ass e Lieu-dit zu Wolwen an der Gemeng Rammerech.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Wolwener Klaus läit um CR311 am ëstlechen Agank vu Wolwen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Op der Plaz vun der Kapell stoung fréier d'Parkierch vu Wolwen, un déi eng Klaus ugebaut war a vun där d'Plaz den Numm huet. D'Kierch an d'Klaus goufe 1783 ofgerappt. 1908/09 gouf op de Fëllementer vun der fréierer Kierch eng Kapell gebaut.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

An der Kapell steet en Altor mat enger Muttergottesstatu, a ronderëm stinn hëlze Statue vun de 14 Nouthëllefer. Nieft der Kapell stoung nieft anere Beem bis 2014 och eng ural Bich ëm déi sech eng Legend dréint, déi sougenannt Wolframsbich.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Buch op der Wolwener-Klaus Hanner der Kapell steet e Weekräiz aus Schifer vun 1831.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wolwener Klaus – Biller, Videoen oder Audiodateien