Kléngelbaach (Wolz)

Vu Wikipedia
Kléngelbaach
D'Kléngelbaach op der Déiwefuert
Leeft an Wolz (Klierf)
Geographie
Land Lëtzebuerg
Belsch
Regioun Éislek

D'Kléngelbaach, ass eng vun den nërdlechste Baachen zu Lëtzebuerg. Si huet hire Laf gréisstendeels um Territoire vun der Gemeng Ëlwen.

D'Kléngelbaach huet hir Quell, op der belscher Grenz, nërdlech vun Ëlwen, op enger Héicht vu 490 Meter um Flouer Albenner eng ronn 250 m südëstlech vun der Gossemaark N° 270. Si leeft vun do u laanscht déi belsch-lëtzebuergesch Grenz bis op d'Héicht vun der Maark N° 271, fir do op de belschen Territoire ze wiesselen, an da bei der Maark 273 zeréck op Lëtzebuerger Terrain ze kommen. Op där Streck leeft se tëscht de Bëscher Le Cassis an der Belsch, an Nonnebësch a Biwischerbësch zu Lëtzebuerg. No der Maark N° 273 leeft se duerch eng Wiselandschaft, déi zum groussen Deel aus Suppen a saure Wise besteet, fir net wäit vun der Kierchermillen ënner der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Gouvy erduerch ze lafen, an dann 200 Meter méi wäit an enger Supp mam Numm Fenn, op enger Héicht vu 433 m an d'Wolz ze lafen.