Schlass Klierf
D'Schlass zu Klierf (2010) | |
Typ |
Buerg, Schlass |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Klierf |
Plaz | Klierf |
Koordinaten | 50°3'15,876"N, 6°1'48,324"O |
Proprietär | Lëtzebuerger Staat |
Statut | Klasséiert Monument |
D'Klierfer Schlass, och nach d'Klierfer Buerg, ass e Schlass aus dem 12. Joerhonnert zu Klierf. Haut ass et de Sëtz vun der Klierfer Gemengeverwaltung. Do dernieft sinn am Schlass och nach de Musée vun der Ardenneschluecht an d'Fotoausstellung The Family of Man[1].
D'Schlass gouf am Zweete Weltkrich zerstéiert an duerno nees opgebaut.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Schlass gouf op engem Fielsvirspronk, der sougenannter Lee (oder Lay), gebaut; wéini fir d'éischt, ass net bekannt. Am 12. Joerhonnert gouf deen eelsten Deel vum haitege Schlass, de westleche Fligel mam Härenhaus vum Grof Gérard vu Sponheim, engem Brudder vum Grof vu Veianen, gebaut.
Am Ufank vum 15. Joerhonnert gouf d'Buerg ënner der Famill vu Branebuerg staark ausgebaut. Op der Südsäit gouf de burgundeschen Tuerm gebaut, an e bësse méi spéit weider Wunnraim a Kelleren, an och de sougenannten Hexentuerm. 1634 huet de Claude de Lannoy d'Eltz Ställ a kleng Wunnraim op der Nordsäit ofrappen an duerch grouss Receptiounsraim, dorënner de Rittersall am flämesch-spuenesche Stil ersetze gelooss.
1659 goufen am éischte Schlasshaff, ënner dem Albert Eugène de Lannoy, an d'Plaz vun enger aler Kierch, Wirtschaftsgebaier, Scheieren a Ställ gebaut, a 1671 virun der Entrée e Portiershaischen. 1721 gouf lénks nieft dem Hexentuerm e Päerdsstall ugeluecht.
1887 huet de Grof d'Gebaier vu 1659 ofrappen a mat de Steng dovun, vis-à-vis am Park, en herrschaftlecht Haus baue gelooss, an deem fréier den Hôtel du Parc war.
1927 huet e Privatmann d'Buerg kaaft. Déi ass den 19. Dezember 1944 an der Ardennenoffensiv bis op d'Mauere verbrannt[1]. De Lëtzebuerger Staat huet se nom Krich opkaaft a restauréiere gelooss.
D'Schlass a säi Site sinn op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument agedroen[2].
D'Buerg haut
[änneren | Quelltext änneren]Haut sinn an der Buerg 3 permanent Ausstellungen ze gesinn:
- D'Fotossammlung The Family of Man, déi vum Edward Steichen zesummegestallt gi war;
- Maquettë vu Buergen a Schlässer;
- Waffen a Geschier aus dem Zweete Weltkrich.
Sherman-Tanks
[änneren | Quelltext änneren]Am éischten Haff vum Schlass war bis 2019 eng 43er Pak an e Sherman-Tanks ausgestallt. Fir de 75. Anniversaire vun der Befreiung gouf de Panzer un déi hollännescher Gemeng Eijsden-Margraten ausgeléint, ier en op eng Ausstellung iwwer de Weltkrich op Péiteng goung. Duerno ass e vum Vehicle Restoration Centre zu Baaschtnech renovéiert ginn.
Enn November 2024 koum d'Gefier dunn hannescht op Klierf a gouf provisoresch um Kiosk op der Maartplaz ausgestallt. Am Kader vun de 80-Joer-Gedenkfeier vun er Ardennenoffensiv, ass de renovéierten Tanks de 14. Dezember 2024 ageweit ginn. Duerno kritt en eng definitiv Plaz bei der Schlassmauer an der Montée de l'Abbaye.[3]
-
De Sherman Tanks bis 2019 am Haff vum Schlass
-
D'Plattform wou de Panzer fréier stoung
-
De restauréierte Panzer provisoresch op der Maartplaz
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Zeechnung vum Frantz Clément an Nicolas Liez, 1834
-
Bild vum Michel Engels, 1886
-
Foto vum Charles Bernhoeft, 1891
-
Bild vum Fritz von Wille, 1901
-
Bild vum Joseph Kutter, ëm 1936
-
Bild vum Sosthène Weis, 1938
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Buergen a Schlässer
- 800 Joer Buurg Clierf
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Klierf
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Schlass Klierf – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Presentatioun vum Schlass op visitluxembourg.com (gekuckt den 22. August 2019)
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).
- ↑ (de)Nadine Schartz, Ein Panzer erobert den Clerfer Marktplatz. Luxemburger Wort. www.wort.lu (28.11.2024). Gekuckt de(n) 08.12.2024.