Kosmeschen Jet

Vu Wikipedia
Centaurua A am Röntgenliicht

E kosmeschen Jet ass an der Astronomie e Gasstroum.

Jets entstinn, wann en Himmelskierper Gas aus enger Scheif déi rotéiert usammelt (akkretéiert). Nëmmen en Deel vum Scheiwegas erreecht den Objet, deen aneren Deel stréimt am Senkel zu der Rotatiounsfläch vum Objet. D'Kollimatioun entsteet entweeder reng geometresch duerch de bannenzege Rand vun der Akkretiounsscheif oder duerch d'magnetesche Felder.

En Jet vun enger aktiver Galaxis

Jets komme bei praktesch allen aus enger Scheif akkretéierender Objete vir, vu schwaarze Lächern (besonnesch an aktive galaktesche Kären) bis zu grad entstanenen Protostären. D'Jets vu Quasare kënnen ettlech dausend Liichtjoer laang sinn a sech mat bal Liichtvitess beweegen. Bei Jets, déi sech mat op d'mannst 70,7 Prozent vun der Liichtvitess an an engem Wénkelberäich vun (−90°, 90°) op den Observateur ze beweegen, kann et souguer zu visuell Iwwerliichtvitesse kommen. Dëst ass sou z'erklären, datt d'Liicht vum entgéintkommenden Jet eng ëmmer méi kuerz Zäit braucht, fir zum Observateur ze kommen. Doduerch gesäit et fir den Observateur sou aus, wéi wa sech de de Jet an transversaler Richtung iwwerliichtséier géif beweegen. Jets, déi sech net am uewe genannte Wénkelberäich beweegen, sech also vum Observateur ewech beweegt, erschéngt entspriechend méi lues, well d'Liicht an dësem Fall een ëmmer méi laangen amplaz kierzere Wee zeréckleeë muss. Wa si sech awer géint eng reng transversal Richtung beweegen, da kann hir real Vitess observéiert ginn.

Wa Jets op dicht interstellar Matière trëffen da bilt sech eng Stoussfront. Bei Jets vu Protostären, T-Tauri-Stären an Herbig-Ae/Be-Stäre ginn déi Stousswellen Herbig-Haro-Objete genannt. An der stellarer Astrophysik sinn Jets och bei interaktiven Duebelstäresystemer wéi bei symbiotesche Stären, Röntgenduebelstären a kataklysmesch Verännerlech nogewise ginn.

Am Fall vun aktive Galaxië sinn d'Wolleke virun allem am Radioberäich gutt miessbar. Zéng aktiv Galaxiëkären (haaptsächlech Blazar) goufe vun den Teleskopen EGRET a COMPTEL am héichenergeteschen MeV bis GeV Beräich gemooss. Als Erklärung vun der Quell vun där aussergewéinlech energieräicher Stralung gi verschidde Modeller diskutéiert, ë. a. déi "nidderenergetesch" Synchrotronstralung vum Jet selwer, déi duerch den inverse Compton-Effet duerch Stoussprozesser mat héichenergeteschen Jetelektronen an deen Energieregime gestreet gëtt, oder awer Photonen, déi vun de Wolleken an den Jet gestreet ginn an do och eng Invers-Compton-Streeung zu méi héijen Energië matmaachen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]