Kosmos (Satellit)
De Kosmos (russesch Космос) ass eng Standardbezeechnung fir verschidde sowjetesch, resp. russesch Äerdsatellitten a Raumgefierer. Fir d'éischt gouf 1962 e Satellit mam Numm Kosmos 1 gestart. Well bei deem Start och eng nei Drorakéit gebraucht gouf, gouf déi, wéi et an der Sowjetunioun normal war, och no der Notzlaascht genannt, also gouf d'Drosystem och mat Kosmos bezeechent.
Ausserdeem goufe mat Kosmos vill verschidden Äerdsatellitte bezeechent, iwwer déi een näischt Geneeës matdeele wollt (z. B. militäresch Satellitten, Prototyppe vun neie Raumgefierer). Dofir ass d'Zuel vun de Missiounen, déi ënner deem Numm gelaf sinn, séier gewuess. Scho Mëtt vun den 1970er Jore war d'Zuel 1000 erreecht. Zousätzlech kruten och feelgeschloe Missiounen dacks Kosmos-Benennungen. Och haut gëtt et Kosmos-Bezeechnunge fir militäresch Missiounen.
Eng Kosmos-Bezeechnung haten ënner anerem:
- Ënnersich vun der Héichtestralung: Kosmos 3, 5, 6, 17, 19
- Geomagnéitesch Fuerschung: Kosmos 26, 49
- Ënnersich vu geluedenen Deelercher am Äerdmagnéitfeld: Kosmos 41
- Ënnersich vun der Infrarout- an Ultraviolettstralung vun der Äerd: Kosmos 45, 65
- Ënnersich vun der Luminositéit vum Stärenhimmel am ultravioletten a visuellem Beräich vum Spektrum: Kosmos 51
- Ënnersich vun der Infrarout- an der Gammastralung vun der Äerd: Kosmos 92
- Ënnersich vun der Relativitéitstheorie mat engem Molekular-Quantegenerator: Kosmos 92
- Miessung vun der Mikrometeoritendicht: Kosmos 135, 163
- Ënnersich vun der Längstwellenausbreedung an der Ionosphär: Kosmos 142, 259
- Loftdichtmiessung: Kosmos 146
- Préiwung vun der aerodynamescher Stabiléisierung vun Äerdsatellitten: Kosmos 149
- Ënnersich vun der solarer Rönten- an Ultraviolettstralung: Kosmos 166, 215, 230
- Ënnersich vun der solarer a stellarer Röntgestralung: Kosmos 208, 230
- Ënnersich vun der ieweschter Äerdatmosphär an de Polarliichter an de Whistler: Kosmos 261
- Massespektrometresch Ionosphärenënnersich: Kosmos 274
- Ënnersich vun der Ionosphär: Kosmos 381
- Testsatellitte fir de Meteor-Programm (Wiedersatellitten): Kosmos 112, 122, 144, 156, 184, 206, 243
- feelgeschloe Raumsonde vum Zond-Programm: Kosmos 21
- feelgeschloe Moundsonden: Kosmos 60, Kosmos 111, Kosmos 300, Kosmos 305
- feelgeschloe Venussonden: Kosmos 167, 359, 482
- feelgeschloe Marssonden: Kosmos 419
- onbemannt Testflich vu Woschod-Raumschëff: Kosmos 47, Kosmos 57, Kosmos 110
- onbemannt Testflich vu Sojus-Raumschëff: Kosmos 133, 140, 186 an 188, 212 an 213, 238, 496, 573, 613, 638, 670, 672, 772, 869, 1001, 1074
- onbemannt Testflich vu Moundlandefär LK: Kosmos 379, 398 a 434.
- onbemannte Testflich vu TKS-Raumschëff 929, 1267, 1443, 1686, 1267
- onbemannte Testflich vu BOR Raumgleeder: Kosmos 1374, 1445, 1517, 1614
- eng net gebraucht Raumstatioun: Kosmos 557
- Iwwerwaachungssatellitte mat Radionuklidbatterie fir d'Energieversuergung: RORSAT
- iwwer 400 militäresch Kommunikatiounssatellitte vum Typ Strela
- ongeféier 100 militäresch Parus Navigatiouns- a Kommunikatiounssatellitten
- zéng Fuerschungssatellitte vu Bion 1 bis Bion 10 hunn och zousätzlech Kosmos-Nummeren.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Herbert Pfaffe, Peter Stache: Raumflugkörper. Ein Typenbuch. VEB Verlag für das Verkehrswesen, Berlin, 1973
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kosmos – Biller, Videoen oder Audiodateien |