Krakatau

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
Krakatau am 19. Joerhonnert.

Krakatau (op Englesch och Krakatoa geschriwwen) ass eng Vulkaninsel an der Sunda-Stooss tëschent den indoneeseschen Insele Sumatra a Java. De Vulkan ass am Laf vun de leschte Joerhonnerte méi dacks ausgebrach. Déi bekanntst Eruptioun war déi vum 27. August 1883. D'Insel huet deemools zu Nidderlännesch-Indien gehéiert.

Bei där Eruptioun gouf bal déi ganz Insel zerstéiert.

Nodeems et eng 200 Joer roueg ëm de Krakatau war, koum et den 9. Mee 1883 ëm Hallefnuecht zu engem Äerdbiewen an der Regioun. Den 20. Mee gouf et eng éischter méi kleng Eruptioun beim Krater Perbuwatan, dee mat Rakata an Danan ee vun den deemools dräi Vulkankeegelen vun der Insel war.

Den 22. a 26. August koum et zu weideren Eruptiounen. De 27. August koum schonn nees eng um 5h30, dunn eng um 6h44 an eng Drëtt um 8h20. Um 10h02 koum et dunn zu engem gewaltegen Ausbroch, bei deem allen dräi Keegelen aktiv waren. De Krakatau huet eng 20 km³ Äschen a Gestengs bis zu 25 km an d'Luucht geschleidert. D'Sprengkraaft gëtt op en Equivalent vun 200 bis 2.000 Megatonnen TNT geschat, 10.000 bis 100.000 Mol souvill wéi d'Atombommen, déi op Hiroshima an Nagasaki gehäit goufen.

D'ënnerierdesch Magmakummer ass séier eidelgelaf, an dann, ënner dem Gewiicht vum Plaong, an e Koup gefall. Dobäi si stënterlech d'Waassermasse vum Mier nogelaf, war sengersäits en Tsunami ausgeléist huet, deen op de Küste vun den Insele ronderëm Welle vu bis zu 40 Meter provozéiert huet, No der Flutwell koum en Äschereen a pyroklastesch Stréim – e gliddegt Gemësch aus Gasen, Äschen a Steng, déi sech mat enger Vitesse vu bis zu 400 km/h verbreet hunn an eng Temperatur vun 300 bis 800 °C haten.

Duerch dës elementar Gewalte goufen op den Insele ronderëm 165 Stied an Dierfer zerstéiert, an et sinn op d'mannst 36.417 Menschen ëm d'Liewe komm.[1]

De Knuppert vun der Explosioun war sou haart, datt en nach 4.800 Kilometer wäit ewech op der Insel Rodrigues bei Mauritius ze héiere war. Duerch dÄschen déi sech an der Atmosphär verspreet hunn, goufen an den Deeg dono op der ganzer Äerd spektakulär Sonnenënnergäng observéiert, bei deenen den Himmel sech bluttrout gefierft huet, well d'Luucht sech an den Äsche gebrach huet. An de Joren dono ass duerch déi Äschen op der Nordhallefkugel d'Duerchschnëttstemperatur ëm 0,5 bis 0,8 °C erofgaangen.

Vun der Vulkaninsel ass sougutt wéi näischt méi iwreg bliwwen: zwee Drëttel waren am Mier ënnergaangen. D'Kegele vum Danan a vum Perbuwatan si komplett verschwonnen, a vun deem vum Rakata blouf just nach d'Hallschecht iwwereg.

Zënter 1927 entsteet op der Plaz vum deemolegen Ausbroch, duerch vulkanesch Aktivitéit, eng nei Insel, déi Anak Krakatau, "Kand vum Krakatau", genannt gëtt. Wéinst Wiederanomalien an de Joren 535/536 gëtt et eng Theorie, datt deemools, op derselwechter Plaz, e Virgänger vum Krakatau, de Proto-Krakatau, explodéiert war.

D'Krakatau-Eruptioun war déi zweetstäerkst an der Neizäit.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Wilfried Schröder (1983): Der Krakatau-Ausbruch vor hundert Jahren. Geowissenschaften in unserer Zeit; 1, 5; 155-159;
  • Arno Schmidt: Krakatau, Reclam, Stuttgart 1975, ISBN 3-15-009754-1
  • Simon Winchester: Krakatoa – The Day The World Exploded: August 27, 1883., HarperCollins, New York 2003, ISBN 0-06-621285-5
  • Spektrum der Wissenschaft, 1/1984: Der Ausbruch von Krakatau

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Krakatau – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Anak Krakatau spuckt Lava und Gas – Spiegel.de, 8. November 2007