Kremart Edition
Kremart Edition | |
---|---|
![]() | |
Typ | SARL |
Grënnungs | 2013 |
Sëtz |
![]() |
Branche | Verlagshaus |
Produit | Bicher |
Homepage | www.kremart.lu |
![]() |
Kremart Edition ass e lëtzebuergescht Verlagshaus, dat am Summer 2013 vun der Christiane Kremer, der Viviane Leytem an dem Luc Marteling gegrënnt gouf.
Kannerbicher[änneren | Quelltext änneren]
D'Kannerbicher vu Kremart sinn deels vun eegenen Auteuren an Zeechner, wéi d'Bicher So mol, Lobo! an D'Linn Lynn, an deelweis Iwwersetzunge vu Kannerbicher aus dem Ausland.
Erwuessenebicher[änneren | Quelltext änneren]
Smart Kremart[änneren | Quelltext änneren]
"Smart Kremart" ass eng Serie vun 20 Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch vun 20 Auteuren, déi a klengem Format an zu engem niddrege Präis tëscht 2013 an 2017[1] verëffentlecht goufen.[2] D'Bicher an där Serie hu sech ronn 30.000 Mol verkaaft.[3][4] All Buch huet 36 Säiten.
D'Schrëftsteller, déi e Buch an der Serie verëffentlecht hunn, si ganz ënnerschiddlech. Am Ganzen hunn 10 Männer an 10 Frae jee ee Buch geschriwwen. D'Auteure waren tëscht 27 an 79 Joer al, mat e puer etabléierte Schrëftsteller, wéi zum Beispill dem Alain Atten an dem Nico Helminger, an e puer Newcomer, wéi der Vesna Andonovic oder der Gintare Parulyte.[1]
- Christiane Kremer: De Wierdermoler
- Claude Schiltz: De Schnéihues
- Vesna Andonovic: Zëmmer Nummer fënnef
- Diane Neises: Weidermerciäddinächsten
- Julie Vinandy-Schmit: Magnificat
- Alain Atten: D'Kuebennascht
- Yorick Schmit: Paenitentia
- Luc Marteling: iPremier
- Tom Decker: D'Tilly
- Josiane Kartheiser: Gees de mat?
- Bob Kieffer: Roswell
- Christiane Ehlinger: 't ass d'Liewen!
- Jemp Schuster: 13, Waassergaass
- Luc Belling: An elo mol … op Lloret!
- Tullio Forgiarini: De Ritter an der Kartongsrüstung
- Karin Goedert: Maacht mer keen Ouer!
- Nico Helminger: Flakka
- Gintare Parulyte: Fuck
- Jackie Messerich: Tunnel of Love
- Jean-Paul Maes: Wat geet mech de Bertemes iwwerhaapt un?
Timba[änneren | Quelltext änneren]
Nom Succès vun der Serie "Smart Kremart" huet d'Verlagshaus 2018 déi nächst Serie mat lëtzebuergesche Kuerzgeschichten, "Timba", lancéiert. All Buch huet 40 Säiten. 24 Bicher sollen insgesamt erauskommen.
- Marc Wilwert: De groe Star
- Jérôme Netgen: D'Wolleken iwwer Hawaii
- Catherine Gitzinger: De Bam
- Sophie Gitzinger: Vill Gléck am neie Joer
- Luc Marteling: Den nationale Wollef
- Roland Meyer: Food Leaks
- Josiane Kartheiser: Dem Jemp seng Uerdnung
- Fabienne Hollwege: Lucy Love
- Jean Back: De Schapp beim Wal
- Joseph Kayser: Déif gekillt
- Josiane Kartheiser: Déi nächst Etapp
- Romain Butti: Fir wann ech net méi kann
- Yorick Schmit: Weeër a Spueren
- Julie Vinandy-Schmit: Engelsflilleken – Éischten Deel: D'Ausstellung
- Julie Vinandy-Schmit: Engelsflilleken – Zweeten Deel: De Seraphin
- Bob Kieffer: Rachel
- Roland Meyer: Vu Reptiloiden an ale wäisse Männer
Kanephora[änneren | Quelltext änneren]
An der Serie "Kanephora" verëffentlecht Kremart Romaner vun Auteure wéi Jean-Paul Maes, Alain Atten, Giulio-Enrico Pisani, Jean Back a Maryse Krier. Bis elo (Stand: November 2022) sinn 13 Bänn eraus komm:
- Jean Back: Zalto mortale – Dräi Monologen
- Linda Graf: Die Tage, die Dinge
- Maryse Krier: Allen Ernstes
- Jean Back: Trakl Blues
- Julie Vinandy-Schmit: Perdue dans la vallée
- Alain Atten: Alle véierzéin
- Romain Butti: Ein Jahr in Berlin
- Alain Atten: Déi Säit dem Scheet
- Alain Atten: D'Hobitz
- Christiane Kremer: De Bicherbus
- Giulio-Enrico Pisani: Voleurs de Liberté
- Jean-Paul Maes: Rehaugen
- Jhemp Hoscheit: Tëschent den Zeilen
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
- kremart.lu (lb)
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ 1,0 1,1 rtl.lu: "Fuck, Love a Bertemes": 3mol Smart (24. Juni 2017)
- ↑ rtl.lu: Liesungen zu Käerch, Diddeleng a Kielen (28. Februar 2014)
- ↑ Un 13e ouvrage dans la série « Timba » (30. Juni 2021)
- ↑ Kremart Edition bei letzshop.lu