Kulturkanal

Vu Wikipedia

De Kulturkanal fir Lëtzebuerg, kuerz KUK genannt, ass e kulturellt Onlineportal fir d'Kreatioun an d'Diffusioun vu kulturellen Inhalter a vu Weiderbildungsaktivitéiten. Nieft Inhalter, déi jidderzäit fräi online accessibel sinn, ginn och Live-Spektakele programméiert.

De Kulturkanal ass den 23. Juni 2020 um Nationalfeierdag um 19:00 Auer mat engem Live-Concert vum Serge Tonnar a Georges Urwald lancéiert ginn.

De Kulturkanal gëtt vum Veräin Kulturkanal a.s.b.l. gedroen, deen de 7. Juni 2020 zu Miersch gegrënnt gouf.

De Kulturkanal ass en Nofollgerprojet vu "Live aus der Stuff", dee vum Serge Tonnar an dem Veräin MASKéNADA a.s.b.l. am Mäerz 2020 um Ufank vun der COVID-19-Pandemie zu Lëtzebuerg lancéiert gouf an eng 40 Live-Sessiounen iwwer Facebook a maskenada.lu iwwerdroen huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]