Kumiyo Maurel

Vu Wikipedia
Kumiyo Maurel
Pseudonym Kumiyonoe
Nationalitéit Japan
Aktivitéit Illustrateur, Zeechner


D'Kumiyo Maurel ass eng fräischaffend japanesch Zeechnerin vun Tokyo, déi zanter 2015 zu Lëtzebuerg lieft a sech an engem Studio am 1535°Creative Hub zu Déifferdeng installéiert huet. Si huet op der Universitéit Tokyo Franséisch geléiert an huet fir eng Firma geschafft, déi Heizunge verkeeft. Si schafft vu Lëtzebuerg aus nach ëmmer mat dëser Firma zesummen.[1]

An den Aarbechtsberäich vun der Kumiyo Maurel gehéiert d'Illustratioun vu Bicher, den Design vu Buchdeckelen, Albumcoveren, Reklammen an d'Zeechne vun Mangaen. Hir Wierker verëffentlecht si geleeëntlech ënner dem Pseudonym „Kumiyonoe“.[2] Zu hire Virbiller gehéieren, ënnert aneren, den Hayao Miyazaki, bekannt virun allem a Verbindung mat Studio Ghibli, an den Naoki Urasawa, Zeechner vun der Mangaserie 20th Century Boys a Monster.[3]

Si bitt zanter 2019 e Salon du Manga un. Dësen ass op enger japanescher Traditioun opgebaut, no där ee Manga zeechne léiert, andeems ee vun anere Mangaen ofmoolt. Doduerch, an och a virun allem duerch den Austausch mat Aneren, soll ee säin eegenen Zeechestil fannen. E weidere But vum Salon du Manga ass de kulturellen Austausch: D'Kumiyo Maurel wëll de Leit déi japanesch Kultur e bësse méi no bréngen, an där beispillsweis de Gros vun de Mangaen ob Erwuessener ausgeriicht ass.[3],[4],[5]

2017 huet d'Kumiyo Maurel e Set vun zwéi Spezialtimberen (“Joyeux Noël”) illustréiert. Si weisen zwou Alldagszeenen, an deenen de Mënsch am Mëttelpunkt steet.[6],[7]

2016 huet d'Kumiyo Maurel am Kader vum 125-järege Bestoe vun den Déifferdenger Pompjeeën an dem 26-järege Bestoe vun de Jonkpompjeeën Déifferdeng de Comic Alice et le jeune Pompier Skippy kreéiert, deen och um Festival international de la bande dessinée à Contern virgestallt gouf.[8]

2019 huet d'Zeechnerin eng Broschür fir d'Gemeng Déifferdeng, Op eng gutt Noperschaft (fr.: Le bon voisinage, pt.: A boa vizinhança) illustréiert.[9]

Evenementer[änneren | Quelltext änneren]

Vum 26. Abrëll bis den 11. Mäerz 2018 waren dem Kumiyo hir Zeechnungen en Deel vun der Ausstellung Horizons flous, déi vun der russescher an der japanescher Ambassade organiséiert gouf.

  • 2018: Festival international de la BD à Contern

De Weekend vum 21. Juli 2018 huet d'Kumiyo déi zwéin Deeg un der 25. Editioun vum Festival de la BD zu Conter deelgeholl.

  • 2019: Manga Made in Luxemburg

Vum 12. bis de 27. Abrëll 2019 huet d'Kumiyo an der Ausstellung "Mangas made in Luxemburg" am Kulturzentrum "Aalt Stadhaus" zu Déifferdeng matgemaach. Nieft dem Kumiyo hunn och déi lëtzebuergesch Artisten Sabrina Kauffmann an Claudio Valentino Sorgo hir Zeechnungen dem Public presentéiert. D'Ausstellung gouf vun der Déifferdenger Bibliothéik, der Déifferdenger Gemeng an dem Kulturzentrum “Aalt Stadhaus” realiséiert.[10]

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Illuminated Windows Billerbuch

An dëser Geschichte geet et ëm d'Luuchten déi an de Gebaier un- an ausgeschalt ginn.

  • Beyond the Modori Bridge Billergeschichte

Dës Billergeschichte baséiert op enger japanescher Geschicht vum Konjaku-Monogatari aus dem 12. Joerhonnert.

  • Melusina Kuerze Manga/Folklor
  • Alice et le jeune Pompier Skippy Manga/Comic (2016)

Skippy ass den Numm vum Maskottche vun de jonke Pompjeeë vun Déifferdeng. De Manga riicht sech primär un Kanner, behandelt allerdéngs och méi schwéier Theeme wei Autosaccidenter an de Verloscht vun enger Persoun, déi engem no steet.[8]

Inhalt:

De Manga erzielt d'Geschichte vum mysteriéise Skippy an dem franséische Meedchen Alice, dat eréischt virun engem Mount op Lëtzebuerg geplënnert ass. Enges Daags verzweiwelt d'Alice dorun eng Klunschel ze reparéieren, déi et am Bësch fonnt huet. En Jong a Pompjeesuniform erschéngt stënterlech hannert him an hëlleft dem Alice d'Klunschel ze flécken. D'Alice geséit d'Chance fir endlech en éischte Kolleeg am neie Land ze kréien, an decidéiert sech fir beim Skippy ze bleiwen. Déi zwee ginn Zeie vun engem Autosaccident an ouni doriwwer nozedenken, fänkt de Skippy un Éischt Hëllef ze leeschten a weist dem Alice wat et maachen muss. Wéi d'Pompjeeën op der Plaz vum Accident ukommen, schénge se de Skippy direkt ze erkennen. Am Duerchernee vum Accident verléiert d'Alice de Skippy aus den Aen, kritt allerdéngs vun engem vun de Pompjeeë gesot, datt de Skippy bei de jonke Pompjeeën ass. Fir datt et de Skippy kann erëmgesinn, freet d'Alice säi Papp, ob hat och kéint an d'jonk Pompjeeë goen...

  • La vie de Thal Manga (2017)

Dëse Manga ass a Kollaboratioun mat Handicap International Lëtzebuerg entstanen, am Kader vum Projet "Reste de Guerres". De Projet hat als Zil d'Sensibiliséierung vu Jonke fir Thematik vu Bombardementer vun Zivilbevëlkerungen.[11]

  • Les habitants de la maison de Koyomi Kalenner am Mangastil (2018)
  • Initiation Children Science-Fiction-Manga

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Gerhardstein, Natalie A., Finding a creative community (16.09.2019). An: delano.lu; online ënner: https://delano.lu/d/detail/news/finding-creative-community/207568 (Zougrëff den 23.12.2019)
  2. https://www.kumiyonoe.com/about-1 (Zougrëff den 18.12.2019)
  3. 3,0 3,1 Wohl, Sven, Zeichensetzung. Die japanische Mangazeichnerin Kumiyo lädt in Luxemburg zum „Salon du Manga“, wo mehr als Techniken ausgetauscht werden (03.04.2019). An: journal.lu; online ënner: https://www.journal.lu/top-navigation/article/zeichensetzung/
  4. Reportage vum Michel Delage: Besuch am Manga-Atelier, radio 100,7, 29.04.2019. (Zougrëff den 20.12.2019)
  5. Interview mam Kumiyo am Kader vum 1535° Creative Day 2019.
  6. Artikel iwwert d'Chrëchdagstimberen op rtl.lu (Zougrëff den 18.12.2019)
  7. https://www.postphilately.lu/de/timbres/-/asset_publisher/1TTXCLVbEoFz/content/timbres-6eme-emission-en-2017-01-serie-speciale-noel-2017 (Zougrëff den 20.12.2019)
  8. 8,0 8,1 Chimienti, Pablo, [BD] Skippy, du manga à la sauce differdangeoise (09.08.2016). An: lequotidien.lu; online ënner: http://www.lequotidien.lu/culture/bd-skippy-du-manga-a-la-sauce-differdangeoise/ (Zougrëff den 18.12.2019)
  9. Broschür "Op eng gutt Noperschaft" (Zougrëff den 23.12.2019)
  10. Artikel am Agenda vun der Déifferdenger Gemeng 2019-1
  11. Interview vum Kumiyo mat Handicap International Lëtzebuerg (Zougrëff den 23.12.2019)