L'Instant

Vu Wikipedia

L'Instant ass eng literaresch Revue déi fir d'éischt den 8. Februar 2006 zu Lëtzebuerg erauskoum. Si ass gegrënnt gi vun den Auteuren Signore Niente, Célestin d'Udix, Jean d'Ailleurs an Jahnos Rog. Den Instant kënnt an der Reegel all Mount eraus.

De gréissten Deel vun de publizéierten Texter sinn op Franséisch. Den Instant ass ganz no mat Ligne de risque, enger Paräisser Revue déi vun de Schrëftsteller François Meyronnis a Yannick Haenel erausbruecht gëtt. Wéi do och, dréit d'Aarbecht vum Instant sech haaptsächlech ronderëm d'Wierk vum Martin Heidegger an d'Fro vum Nihilismus als eng grondsätzlech Erausfuerderung un d'Literatur.

Weider Aflëss si Philippe Sollers, Lautréamont, Arthur Rimbaud, Franz Kafka, Rainer Maria Rilke, James Joyce.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Blog vu L'Instant