Léopold Goebel
| Léopold Goebel | |
|---|---|
| Gebuer |
20. Oktober 1872 Dikrech |
| Gestuerwen |
24. Abrëll 1947 Lëtzebuerg |
| Alter | 74 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker |
| Famill | |
| Kanner | Emile Goebel |
|
| |

De Léopold Goebel, gebuer den 20. Oktober 1872 zu Dikrech, a gestuerwen de 24. Abrëll 1947 an der Stad Lëtzebuerg, war e Lëtzebuerger Drécker a Lokalpolitiker.
De Léopold Goebel war tëscht 1917 an 1934 am Gemengerot an der Stad a vun 1934 bis zu sengem Doud, do Schäffen, mat Ënnerbriechung wärend der Nazi-Zäit.
Hie war deen éischte President vun der Sportjournaliste-Vereenegung Association Luxembourgeoise des Journalistes Sportifs vun 1929 bis 1947.
De Léopold Goebel ass gestuerwen op Nummer 1 an der François-Boch-Strooss bei sengem Fils, dem Emile Goebel (1900-1974), deen och President vun de Sportjournaliste war. De Léopold Goebel hat zwee Meedercher an zwéi Jongen: Sophie, Maria, Emile an Norbert.
Fir un de Léopold Goebel z'erënneren ass um Belair eng Strooss no him benannt (allée Léopold Goebel).
