sportspress.lu
| Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| sportspress.lu | |
|---|---|
| Grënnungsdatum |
1929 (ASBL 21.08.2006) |
| Sëtz |
3, route d'Arlon L - 8009 Stroossen |
| Presidentin | Christelle Diederich |
| Generalsekretär | Pierrot Feltgen |
| Tresorier | Jeff Lahr |
| Member vu(n) | COSL, UEPS, AIPS |
| Websäit | sportspress.lu |
|
| |
sportspress.lu ass den nationale Verband vun de Sportsjournalisten zu Lëtzebuerg.
De Verband ass 1929 gegrënnt an den 21. August 2006 am Handelsregëster als ASBL registréiert ginn[1].
En huet säi Sëtz zu Stroossen an ass Member vum COSL, der Union européenne de la presse sportive (UEPS) an der Association internationale de la presse sportive (AIPS).
Geschicht[2]
[änneren | Quelltext änneren]D'Vereenegung ass am Dezember 1929 ënner dem Numm Association luxembourgeoise des journalistes sportifs (ALJS) gegrënnt ginn. Dreiwend Kraaft bei der Grënnung war de Sportjournalist Alphonse Steinès. Den éischte Kommitee huet sech aus dem Léopold Goebel als President, dem Jacques Dieschbourg als Vizepresident, dem Pierre Kellner als Sekretär an dem Alphonse Braun als Keessjee zesummegesat.
D'Association luxembourgeoise des journalistes sportifs ass 1975 an Association luxembourgeoise de la presse sportive (ALPS) ëmbenannt ginn.
De 4. Oktober 2007, op der ausseruerdentlecher Generalversammlung vun der ALPS, hunn d'Memberen eestëmmeg decidéiert fir den Numm vun hirer Vereenegung op den haitegen Numm „sportspress.lu“ ëmzeänneren.
Des Associatioun organiséiert all Joer am Dezember d'„sportspress.lu Awards Night“ (virun 2016 Gala vun der Sportspress), bei där d'Auszeechnungen un de beschte Sportler, déi bescht Sportlerin an déi bescht Ekipp vum Joer iwwerreecht ginn. Belount ginn donieft och déi bescht jugendlech Sportler a verdéngschtvoll Perséinlechkeeten aus dem Sport.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuergesch Sportler vum Joer.
Organisatioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Presidentin vu sportspress.lu ass zënter Dezember 2024 d'Christelle Diederich.[3]
Fréier Presidenten
[änneren | Quelltext änneren]- 1929 - 1947: Léopold Goebel
- 1947 - 1965: Emile Goebel
- 1966 - 1976: François Bruch
- 1976 - 1991: Gaston Seil
- 1991 - 1994: André Ludwig
- 1994 - 1997: Erw Barthel
- 1998 - 2024: Petz Lahure
Literatur zum Theema
[änneren | Quelltext änneren]- Livre d'Or ALJS/ALPS 1929-2004, Association Luxembourgeoise de la Presse Sportive, Lëtzebuerg
- Gretsch, Lucien: Pionierzeiten des Sportjournalismus in Luxemburg, in: ons stad, Nr 83, 2006, S. 80-85, Link
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Am Handelsregëster (lbr.lu) ënner der Nummer F4416 agedroen
- ↑ (fr) Historique | Sportspress (08.10.2019). Gekuckt de 24.12.2023.
- ↑ (fr) Jeff Lahr, Christelle Diederich gëtt Nofollgerin vum Petz Lahure | Sportspress (13.02.2025) Archivéiert de 16.02.2025. Gekuckt de 04.03.2025.
