Alphonse Steinès

Vu Wikipedia
Alphonse Steinès
Gebuertsnumm Johann Stenges
Gebuer 25. August 1873
Ohn
Gestuerwen 22. Januar 1960
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Journalist
Plack um Kierfecht zu Weimeschkierch.

Den Alphonse Steinès, mam richtegen Numm Johann Stenges, gebuer de 25. August 1873 zu Ohn[1] a gestuerwen den 22. Januar 1960 zu Paräis[2], war e franséisch-lëtzebuergesche Sportjournalist.

Seng Journalistekarriär huet hien am Alter vu 17 Joer, zu Paräis, beim renomméierte Journalist Pierre Giffard am Petit Journal an am Le Vélo ugefaangen. Duerno huet hien an der Redaktioun vum Henri Desgrange senger Sportszeitung L'Auto (vun 1900 bis 1903 L'Auto-Vélo, dem Virgänger vun der L'Équipe vun haut, geschafft.

Den Henri Desgrange war de Grënner vum Tour de France an den Alphonse Steinès war ee, vun him estiméierte, Mataarbechter bei der Organisatioun an dem Opstelle vum Parcours vun der Course. Hien huet dem Desgrange proposéiert am Tour vun 1910 eng Etapp an de Pyrenäen ze fueren. Trotz enger gewësser Retizenz am Milieu vum Cyclissem, gouf de Steinès chargéiert fir d'Etapp mat de Colle vum Peyresourde, Aspin, Tourmalet an Aubisque ze preparéieren. Dofir huet hien en Entreprener beoptraagt, d'Feldweeër iwwer den Aubisque fir d'Course auszebauen. Seng Visitt vum Tourmalet huet hie wéinst engem Schnéistuerm zu Fouss misse maachen, an huet sech dobäi därmoosse veriert, datt hien eréischt mueres um dräi Auer ënnen zu Baréges um Fouss vum Col ukoum. De selwechte Moien huet hien nach dem Henri Desgrange den Telegramm Passé Tourmalet. Très bonne route. Parfaitement praticable. Steinès. geschéckt.

Am Abrëll 1910, no der Presentatioun vum Parcours vum Tour, gounge verschidde Coureuren d'Pyrenäestreck kucken an hu behaapt si wier net ze fueren. D'Resultat war, datt den 3. Juli 1910, ongeféier een Drëttel manner Coureuren um Depart vum Tour waren.

1908 war hie Grënner vun der Fédération des sociétés luxembourgeoises de sports athlétiques.

Den Alphonse Steinès war Initiator vun der lëtzebuergescher Sportjournalistevereenegung déi 1929 ënner dem Numm Association luxembourgeoise des journalistes sportifs gegrënnt gouf.

2010 gouf hie posthum, als verdéngschtvolle Sportjournalist, an de Krees vun de Gloires du sport zu Paräis opgeholl.

Um Kierfecht zu Lëtzebuerg-Weimeschkierch hänkt eng Plack als Erënnerung un den Alphonse Steinès, déi den 8. Mee 2009 offiziell virgestallt gouf. Um Tourmalet gouf de 26. Juli 2018 och eng Plack als Erënnerung un de Steinès devoiléiert[3].

Den Alphonse Steinès huet den 19. Januar 1943 déi franséisch Nationalitéit ugeholl[4].

2010 gouf hien an d'Lëscht vun de Gloires du sport opgeholl.

Gielercher[5][änneren | Quelltext änneren]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Hausemer, G., 2006. Steines/Steinès. In: Luxemburger Lexikon, S. 409. 1. Oplo. Éditions Guy Binsfeld, Lëtzebuerg.
  • Ollivier, Jean-Paul, 2008. Le Tour de France: Lieux et étapes de légende, 191 Säiten. Éditions Flammarion, Paris. ISBN 2700312856
  • Kérébel, Dominique, 2010. Le Tour de France et les Pyrénées, 250 Säiten. Éditions Cairn, Pau. ISBN 2350681645
  • Viollet, Sandrine, 2007. Le Tour de France cycliste 1903-2005. L'Harmattan, 256 S. ISBN 9782296025059

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alphonse Steinès – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Gebuertsakt vum 25. August 1873 vun der Gemeng Wuermer
  2. Luxemburger Lexikon 2006 S. 409
  3. Souvenir - Une plaque à la mémoire de Alphonse Steinès au Tourmalet an der L'Équipe de 27. Juli 2018, gekuckt op pressreader.com den 2. Dezember 2019
  4. acte 302-43, Archives de Fontainebleau, Fernand Thill (25.06.2011)
  5. Doudesannonce vum Alphonse Steinès. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (25 Januar 1960). Gekuckt de(n) 2023-01-11.